Zu Lëtzebuerg goufe bal all Restriktiounen opgehuewen. Dat kann een deelweis och am Ausland observéieren. Ma och Vakanz maachen, gëtt méi einfach.

Eng gutt Partie Lëtzebuerger hunn de Mask opginn. Och de QR-Code, dee weist, dass ee geimpft, geheelt oder getest ass, wäerten déi meescht zënter leschtem Freideg net méi hu misse weisen. Ma opgepasst: nëmme well zu Lëtzebuerg rëm eng Aart Normalitéit agetrueden ass, huet ee besser de Mask an den Impfpass net direkt an den Eck ze geheien. Wëll een nämlech an d'Ausland, egal op an eis Nopeschlänner oder an d'Sonn, muss een ëmmer nach bestëmmte Konditiounen erfëllen.

En Trip an eis Nopeschlänner

Souwuel an Däitschland wéi och an der Belsch an a Frankräich muss ee geimpft, geheelt oder getest sinn, fir anzereesen. Reest een an d'Belsch just mat engem zertifiéierten Test, muss een no 7 Deeg Openthalt en zousätzlechen Test maachen.

An eise Nopeschlänner gëlle gréisstendeels déi selwecht Restriktiounen.

Däitschland
Aktuell:

  • 3G op deene meeschte Plazen, 2G fir gréisser Evenementer
  • Maskeflicht

Vum 20. Mäerz un

  • déi meescht Restriktioune fale wech
  • Maskeflicht just am Gesondheetssecteur an am ëffentlechen Transport

Vu Bundesland zu Bundesland kënne weiderhin eege Mesurë bestëmmt ginn

Belsch

  • Keng Restriktioune méi
  • Maskeflicht just am Gesondheetssecteur an am ëffentlechen Transport

Frankräich

  • Keng Restriktioune méi
  • Maskeflicht just am Gesondheetssecteur an am ëffentlechen Transport

Uechtert Europa

An enger Partie europäesche Länner gëtt et guer keng Arees-Bestëmmunge méi. Dozou gehéieren ënnert anerem d'Schwäiz, Dänemark, Island, Irland a Schweden.

Wëll ee seng Vakanz an der Sonn verbréngen, gëllt et opzepassen. A Spuenien, Portugal, Italien, Griicheland a Bulgarien muss ee geimpft, geheelt oder getest sinn, fir anzereesen. An dëse Länner, mat Ausnam vu Bulgarien, muss ee sech iwwert e Formulaire dann och umellen, éiert een areest.

Hei d'Restriktioune fir e puer Länner am Iwwerbléck.

Spunien

  • Maskeflicht bannen
  • Keng Maskeflicht baussen
  • Kee CovidCheck

Italien

  • Maskeflicht bannen
  • FFP2 am ëffentlechen Transport
  • CovidCheck 3G (Restaurant, Hotel, Evenementer,...)

Portugal

  • Maskeflicht bannen
  • Kee CovidCheck (mat Ausnam vum Gesondheetssecteur)

Op der portugisescher Insel Madeira gëllen aner Reegelen:

  • Maskeflicht bannen a baussen
  • CovidCheck 3G (Restaurant, Hotel, Evenementer,...)

Méi Detailer ënnert wéi enge Konditiounen een a wéi een europäescht Land areese kann, kënnt Dir och beim ACL noliesen.

Uechtert d'Welt

D'USA ass zënter November rëm fir d'Europäer op. Fir anzereese muss een awer weiderhi geimpft sinn an e negativen Test virweise kënnen. D'Restriktioune changéiere vu Géigend zu Géigend. Zu New York zum Beispill gouf viru Kuerzem d'Maskeflicht bannen opgehuewe mat Ausnam vum ëffentlechen Transport, dem Gesondheetssecteur an ënnert anerem dem Broadway.

New York

  • Maskeflicht just am Gesondheetssecteur, um Broadway an am ëffentlechen Transport

Kalifornien

  • Maskeflicht just am Gesondheetssecteur, Prisong, Heemer fir Sans-Abrien an am ëffentlechen Transport

Eng Vakanz a Mexiko ass dann och eng Méiglechkeet. Hei brauch ee weder e Formulaire auszefëllen nach en Test ze maachen, fir anzereesen. Och Restriktioune ginn et hei quasi keng méi.

  • Maskeflicht just am ëffentlechen Transport

An der Dominikanescher Republik brauch et da rëm bësse méi Virbereedung, fir anzereesen. Souwuel fir d'Arees wéi och fir d'Ausrees muss een en elektroneschen Ticket ufroen, wou een dann e QR-Code kritt. Da muss ee geimpft sinn oder negativen Test virweise kënnen. D'Mesurë goufen alleguer opgehuewen.

Och Thailand ass bei de Lëtzebuerger beléift. Hei muss ee bei der Arees op e puer Saachen oppassen, et ginn nämlech verschidde Méiglechkeeten. Ass ee vollstänneg geimpft, kann ee bei der Arrivée e PCR-Test maachen. Et muss een da just eng Nuecht an engem SHA+ Hotel (Hoteller, déi speziell vun der Regierung bestëmmt goufen) iwwernuechten an op säin Test-Resultat waarden. Wëll ee sech net teste loossen, muss een net a Quarantän, mee awer 7 Deeg an engem SHA+ Hotel iwwernuechten. Ass een dann net geimpft oder nach net komplett geimpft, sinn 10 Deeg Quarantän an engem Quarantän-Hotel obligatoresch. Dës weidere muss een en "Thailand Pass" ufroen. Fir den Openthalt gëllt et da genuch Maske matzehuelen. An Thailand besteet weiderhin d'Maskeflicht.