Et ass wuel gréissten Touristenattraktioun a Bolivien: de Salar de Uyuni. Vill Mënschen notzen dës Salzpan fir Fotoe mat opteschen Täuschungen ze maachen.

D'Land, dat tëscht Chile, Peru, Paraguay a Brasilien läit, zitt all Joer Millioune vun Touristen un. An déi wëllen alleguer eng Foto an der "gréisster Salzpan vun der Welt" maachen. De Salar de Uyuni. Wéi aus enger anerer Welt gesäit een hei kilometerlaang näischt anescht wéi Salz um Buedem an dee reflektéiert den Himmel. Eraus komme fantastesch Fotoen. Ma wéinst senger Längt kann een awer och nach aner flott Effekter kreéieren.

Grad well de Salar de Uyuni esou laang a platt ass, kann een hei besonnesch gutt optesch Täuschungen a senge Fotoen afänken. Kleng Objeten, déi ee ganz no virun d'Kamera stellt, erschéngen doduercher vill méi grouss a vill méi fort. Mee dofir muss een awer den Trick eraushunn. Een, deen Expert doranner ginn ass, ass den 11 Joer jonke Piter Condori – zesumme mat sengem bloen Dinosaurier. Deen attackéiert dann zum Beispill zwee Touristen oder hie benotzt eng eidel Béierfläsch, an déi hien da mécht, wéi wann hien eraklëmmt. Fir de Piter ass et awer net nëmmen en Hobby, mee och e Moyen, fir seng Elteren finanziell ze ënnerstëtzen. Duerch d'Inflatioun an d'Pandemie sinn d'Präisser fir d'Liewensmëttel a Bolivien enorm geklommen.

Pro Dag verdéngt hie mat senge Fotoen tëscht 9 a 15 Euro. An dat si vill Sue fir d'Famill, déi an enger Regioun wunnt, déi bal komplett vum Tourismus ofhängeg ass. Wärend der Pandemie ass den Taux vun den Touristen, déi a Bolivien gereest sinn, ëm 90% gefall. An dat hat e groussen Impakt op d'Leit, déi do wunnen.