Op engem Fluch op Faro gouf den neie System scho getest. Dëse soll de Leit erméiglechen, iwwer Tablett oder Smartphone op d'Offer zeréckzegräifen.

Wann Dir deemnächst mam Fliger an d'Vakanz flitt an Dir hutt eng länger Rees virun Iech, kënnt der Iech elo schonn op en Entertainment-System freeën, deen een elo an de kommende Wochen an den aacht Boeinge vun der Luxair ugebueden kritt. Am Virfeld gouf de System natierlech och op engem Vol getest an do ware mir mat der Kamera dobäi.

Et war Moies fréi op engem Vol, deen op Faro an de Süde vu Portugal geflunn ass. Mat dobäi e klengt Team, wat fir d'Fonctionnement zoustänneg ass. Den Olivier Heliot dréit d'Responsabilitéit an huet um zwou Stonnen a 40 Minutte Vol genuch ze dinn an ze testen gehat.

Fir den Dan Colling vun Luxair war et wichteg, am Zäitalter vun all deenen neien Technologien hire Clienten eppes Neies unzebidden.

Fir sech herno am Fliger ze connectéieren, brauch een u sech kee Computerspezialist ze sinn, dat Eenzegt, wat een dobäi muss hunn, ass en Tablett oder e Smartphone, de Rescht ass séier erkläert. Mat engem QR-Code, deen ee scannt, huet een en direkten Accès op den Intranet vum Fliger. Am "Airplane Mode" kann een dann iwwert säi Wifi fueren.

Do huet een dann de Choix vu Filmer, Spiller, Informatiounen iwwert de Fluch an de Fliger, Podcasts oder alles am Replay, wat een interesséiere kéint.

An déi Contenue ginn natierlech Dag fir Dag geupdate, esou soll herno fir jiddereen eppes dobäi sinn.

Et ginn zwou Hightech-Këschten am Fliger mat der Elektronik vum ganzen System dran, eng hannen an eng vir, wat erkläert, dass een iwwerall op deem sougenannten Intranet am Fliger Zougrëff huet.

Bis déi aacht Boeingen equipéiert sinn, hofft d'Fluggesellschaft op e Feedback vun hiren éischte Passagéier, well d'Zill ass et, de Contenu auszebauen an natierlech och de Clienten hir Wënsch z'erfëllen.