Och den Tourismussecteur an Italien setzt op vill "Amore". Op enger Rei Plaze weisen elo Stroosseschëlder dorop hin, datt Këssen hei obligatoresch ass.

"Zona Romantica - Obligatorio Baciarsi", also "Romantesch Zon - Këssen obligatoresch", steet op de Schëlder, déi op d'Verflichtung, sech op deene Plazen ze këssen, hiweisen. Déi romantesch Propos kënnt vum 23 Joer jonke Simone Acampora a gouf direkt vun der Gemeng Anacapri ëmgesat.

D'Schëld zu Anacapri steet um Belvedere del Sognatore, also dem Aussiichtspunkt vun den Dreemerten, vu wou aus een eng wonnerschéi Vue op d'Mier huet. Ma och aner Dierfer an Italien maache mat de Kuss-Schëlder op sech opmierksam. Zu Sperlonga an der Regioun Latium si ganzer fënnef Schëlder mat der Knuutsch-Opfuerderung ze fannen.

Nieft der Verstäerkung vum romanteschen Image vun de Regiounen, gëtt d'Aktioun zu Sperlonga och fir Marketingzwecker genotzt: Verléift Koppele kënnen hir Kuss-Fotoen an de soziale Medien ënnert dem Hashtag #ObbligodibaciarsiaSperlonga posten a mat genuch Klicks e Präis beim Tourismusverband gewannen.