Touriste jo, awer w.e.g. mam néidege Budget! Stéchwuert "Luxus-Tourismus"

© AFP
Nodeems Neiséiland schonn am Summer 2021 d'Grenze fir Touristen opgemaach huet, wéilt een d'Strategie fir dës an d'Land ze kréien elo änneren.
Dem Tourismusminister Stuart Nash no wéilt ee probéieren de Bëlleg-Tourismus anzedämmen, andeems ee virun allem d'Strategie am Marketing ännere géif. Esou sollen nëmmen nach héichwäerteg Biller vun Neiséiland gewise ginn. Et wéilt een deemno, esou den Nash, Leit op d'Insel lackelen, déi bereet wieren, e bësse méi wéi nëmmen 10 Dollar den Dag auszeginn.
Et hätt een erausfonnt, datt d'Touristen ëmmer manner laang op der Insel bleiwe géifen an ëmmer manner Sue géifen ausginn. Dëst wéilt ee mam Aféieren a Promovéiere vum Luxus-Tourismus änneren. Den Tourismus wier e wichtege Facteur op der Insel, ëmmerhi géif dësen 9,3 Prozent vum PIB ausmaachen.