En Internetsite erméiglecht et, fir per Zoufallsprinzip Postkaarten u Mënschen aus der ganzer Welt ze verschécken.

Wéini hutt Dir dann déi lescht Postkaart aus der Vakanz geschéckt? Amplaz vun der traditioneller Kaart ginn hautdesdaags dacks Fotoen a Messagen iwwer Handy u Frënn a Famill heiheem geschéckt. Dat ass jo och vill méi einfach a geet och méi séier. Uechter d‘Welt ginn et awer nach honnertdausende Leit, där hiren Hobby et ass, Postkaarten ze schécken, an déi dofir och kee besonnesche Grond brauchen. "Postcrosser" si Leit, déi dës kleng Freed zréck an d‘Bréifkëscht brénge wëllen.

Zanter 2005 gëtt et dëse Projet. A Portugal hat e Student d‘Iddi, fir Postkaarten uechtert d‘Welt auszetauschen, mee dat mat System. A sou war d‘Iddi vum Postcrossing gebuer. Méi wéi 60 Millioune Kaarte goufe bis dato scho verschéckt an 800.000 Mënschen aus 400 verschiddene Länner sinn um Site registréiert.

Alles dat geréiert e Site, wou ee sech als Postcrosser muss registréieren. A fir dass den Iwwerbléck net verluer geet, gëtt mat Codë geschafft. All Postcrosser, deen eng Kaart verschéckt, kritt en extrae Code, deen en op der Kaart muss uginn. Gëtt een dee Code um Site an, da gesäit een, vu wiem d'Postkaart koum a vu wou se fortgeschéckt gouf. An ëmgedréint d‘selwecht. Wiem een eng Kaart ka schécken, dat entscheet sech per Zoufallsprinzip.