Vu Kuala Lumpur, iwwer Bern bis Kanada - 8 Persounen an hir Geschicht

© RTL Grafik
An der Chrëschtvakanz hu mir Iech nees Lëtzebuerger virgestallt, déi hiert Gléck op de verschiddenste Plazen op der Welt probéiert hunn ze fannen.
Liz Breuer
Eng jonk Lëtzebuergerin lieft hiren “American Dream”
D’Liz Breuer huet scho fréi bewisen, dass si couragéiert a konsequent ass. Mat nëmmen 19 Joer, an dem Lycées-Diplom an der Täsch, huet si 2015 hir Wallis gepak an ass eleng an d'Milliounemetropol New York geplënnert. Fir hiren eegenen "American Dream" ze verwierklechen. En Dram, op deen déi jonk Lëtzebuergerin zanterhier higeschafft huet. E Studium op enger renomméierter Fashion-Uni, eng sëllege Stagë bei Entreprisen, an eng éischt Aarbechtsplaz méi spéit, decidéiert d’Liz sech selbststänneg ze maachen. 2020, matzen an der Pandemie, grënnt si zesumme mat enger Frëndin eng Marketing-Agence. Haut, mat 26 Joer, huet d'Liz Breuer sech e Liewen am Big Apple opgebaut. Den JJ Padilla war si besichen.
Nicholas Lesch
Vum Terrain op d'Bün - De Schauspiller Nicolas Lech zu Bern
De Futtballterrain oder d'Bün am Theater? Dat war déi grouss Fro, déi sech den Nicolas Lech gestallt huet, éier hien decidéiert huet, Schauspillerei un der Hochschule der Künste zu Bern an der Schwäiz ze studéieren. E grousse Privileeg fir de Lëtzebuerger, wann ee weess, dass just 10 Schüler acceptéiert gi vun 1.000 Kandidaturen. Den Nicolas spillt zënter Kandheet Futtball beim Racing Lëtzebuerg a war och an der U14 vun der Nationalekipp. E Reportage vum Yves Trevalec.
Thierry Phal
Dem Thierry Phal säi Liewen zu Langkawi, engem malayseschen Archipel
Den Thierry Phal hat schonns zu Lëtzebuerg alles erreecht. Iwwer 20 Joer laang huet hie mat sengem Papp den Zwee-Stäre-Restaurant "Bergerie Geyershaff" geleet. Zënter gutt 15 Joer elo verwierklecht hie säin Dram vun neie Geschäftsiddien op engem anere Kontinent. Den Thierry Pahl huet op der Plage vun Langkawi eng Cocktail-Bar, e Restaurant, en Jetski-Shop a geschwënn och eng Bäckerei opgemaach. Mat senger "Yellow Bar" huet hien dat erreecht, wat bis ewell soss keen dohannen am moslemesche Malaysien gepackt huet: Hien däerf als eenzeg Bar ob der malaysescher Plage vu Langkawi Alkohol verkafen. E gudden Ausgangspunkt fir e gudde Business. Dovu konnt den Yves Trevalec sech op der Plaz iwwerzeegen.
Ralph Becker
Vu Stroossen op Manila: Ralph Becker hëlleft Leit aus de Slums
Nom Lycée goung de Ralph Becker op London Konscht studéieren, dat waren déi éischt Schrëtt am Ausland, éier hien dono zu Paräis an zu Bangkok säi Master am Businessmanagement gemaach huet. Nodeems hien 10 Joer queesch uechter d'Welt, ënnert anerem zu Tokio, San Francisco oder Barcelona fir ee vun de gréisste japaneschen Elektronik-Konzerner geschafft huet, ass de Ralph Becker haut säin eegene Chef a lieft op de Philippinnen, méi genee zu Manila. Hei huet hien eng Firma gegrënnt, déi Gréngs am grousse Stil bannen a Gebaier ubaut, Urban Farming mat Hydroponie. Dat ganzt net nëmme fir ekonomesch Zwecker, mee och sozial an ekologesch de Leit an der Ëmwelt op der Plaz gerecht ze ginn. Seng Mataarbechter komme gréisstendeels aus de Slums vu Manila. Den Yves Trevalec huet de Ralph Becker besicht.
Dave Junker
Do liewen, wou anerer Vakanz maachen - Dave Junker op de Philippinnen
Den Dave Junker schafft an der Tourismusbranche. Op de Philippinnen ass hien Direkter vun engem 5-Stären-Hotel, direkt op der Plage. Hie wëll senge Clienten eng eenzegaarteg Vakanz erméiglechen an deem Land, wou hien elo zanter 6 Joer mat senger Famill lieft. Den Yves Trevalec war hie besichen.
Jeanne Hames
Fir d'Pensioun ze genéissen: D'Jeanne Hames a Polynesien
Fir eis Serie Lëtzebuerger am Ausland huele mer Iech dës Kéier mat a Polynesien. D'Jeanne Hames ass am Alter vu 25 Joer an e Sportfliger geklommen an huet sech an d'Aviatioun verléift. Haut flitt si selwer do, wou munch Leit dovunner dreemen. D'Jeanne huet d'Decisioun getraff, fir hir Pensioun a Polynesien ze genéissen. Mir huelen Iech an dëser Reportage mat op Plazen, déi Verschiddener just vun de Postkaarte kennen. Den Yves Trevalec konnt sech perséinlech dovun iwwerzeegen.
Christian Bauer
De Lëtzebuerger Restaurateur Christian Bauer zu Kuala Lumpur
An eiser Serie vun de Lëtzebuerger am Ausland verschléit et eis op den asiatesche Kontinent. Zu Kuala Lumpur ass nämlech de Christian Bauer doheem, dee sech scho vu klengem u fir d’Kache begeeschtere konnt. 5 Restaurante geréiert hien a Malaysien, dat mat 80 bis 100 Mataarbechter. Hien ass domadder net nëmmen de Chef an der Kichen, mä och a senger Entreprise, wann et drëm geet, seng Restauranten ze managen. Den Yves Trevalec war de Restaurateur besichen.
Alexander Haupt
De Perkussionist huet sech a Kanada en neit Liewen opgebaut
Den Alexander Haupt wollt am Fong Bijoutier oder Architekt ginn. Duerch seng Grousselteren huet hien dunn awer d’Léift fir d’Musek entdeckt. Haut lieft de gebierteger Stater a Kanada a schafft do als professionelle Museker. Den Yves Trevalec huet den Alexander a senger neier Heemecht besicht a sech déi schéinste a speziellste Plaze vun der kanadescher Groussstad weise gelooss.