Vill Wantersportler goufen dëst Joer an de Schi-Gebidder enttäuscht, well den Ament net vill Schnéi läit. D'Schi-Halen hunn dogéint dovu profitéiere kënnen

Vill Wantersportler, déi an de leschte Woche schonn op hir Schi-Destinatioun gefuer sinn, goufen enttäuscht. D'Wiederkonditiounen hunn a ville beléifte Schigebidder de Sportler e Stréch duerch d'Rechnung gemaach.

Do, wou ee konnt, hunn d'Schnéikanounen nach probéiert e bësse Wanterfeeling hierzestellen, ma och déi haten hir Limitten. Ma d'Chancen, dass de Schnéi an den nächsten Deeg zréckkënnt, sti gutt. De Fabian Ruhnau, Meteorolog bei "Kachelmann Wetter", seet, dass et an de meeschte Schi-Destinatiounen elo rëm e gutt Stéck méi kal gëtt an de Schnéi zréckkënnt. Souguer bis op Lëtzebuerg, wann hei och éischter mat Ree vermëscht. Eng Situatioun, vun där bis lo awer och Schi-Hale profitéiere konnten. Virun allem op de Weekender an an der Chrëschtvakanz war zum Beispill zu Amnéville an der Hal ganz vill lass. Vill Wantersportler kommen dann hei hinner, well hei sécher Schnéi läit. Ma de Feeling ass dann trotzdeem een aneren.