Déi meeschtgesichte Stied als Vakanzendestinatiounen zu Lëtzebuerg si Paräis, Bréissel an Dubai.

Dono kommen am Ranking Lissabon a Frankfurt op de Plaze 4 a 5. Kuckt een, wéi eng Länner als Destinatiounen am meeschte gesicht ginn zu Lëtzebuerg, kënnt Frankräich op déi éischte Plaz, suivéiert vun Italien, der Belsch, Däitschland an de kanareschen Inselen. Wéi gesot, déi meescht-gegooglet touristesch Plaz hei am Land ass d'Schlass zu Veianen, dono de Mudam, den Nationalmusée um Fëschmaart, de Luxembourg Science Center an zum Schluss nach d'Kathedral an der Stad.

Dann huet Google awer och déi Länner erausgesicht, an deenen de Grand-Duché am dackste gegooglet gëtt. Hei kënnt d'Belsch op déi éischte Plaz, Frankräich op d'Plaz 2, suivéiert vu Portugal. Op Plaze 4 a 5 kommen Däitschland an Holland. D'Haaptstad Lëtzebuerg ass da kloer déi Stad am Grand-Duché, déi am Ausland am meeschte gesicht gëtt, dono kommen Esch, Diddeleng, Waasserbëlleg an Iechternach.

Zu Lëtzebuerg selwer gëtt de Kierchbierg am dackste gegooglet, dat viru Péiteng, Esch an zum Schluss nach Munneref. An der offizieller Statistik steet hei Athus op der Plaz 1, ma Athus ass awer bekanntlech keng Lëtzebuerger Stad. Zu de meeschtgesichte kulturellen Ziler zu Lëtzebuerg gehéieren den Eiffeltuerm a Frankräich, d'Phantasialand an Däitschland, de Bodensee an den Alpen, Madame Tussauds an Holland an d'Paräisser Notre Dame-Kathedral a Frankräich.

Ganz interessant ass och ze gesinn, wat fir "Firwat"-Froen am meeschten a Verbindung mat Lëtzebuerg gesicht ginn. Op d'Plaz 1 kënnt d'Fro "Firwat ass Lëtzebuerg net beim Eurovisioun Song Contest dobäi?", dono kënnt "Firwat ass Lëtzebuerg räich?" an op der 3. Plaz kënnt "Firwat liewe sou vill Portugisen zu Lëtzebuerg?". Dono kommen dann nach d'Froen "Firwat schwätzt een zu Lëtzebuerg franséisch?" a "Firwat ass Lëtzebuerg dat beschte Land?".

Interessant ze gesinn, ass dann och de Choix vum Transportmëttel, wann et an d'Vakanz geet. 60% méi Recherche bei de Vollen wéi bei den Zich goufe bei de Lëtzebuerger verzeechent. Am August 2022 gouf bei de Recherche vu Flich dann och e Pic erreecht. Zënter 2015 hu sech awer och d'Recherche no ëmweltbewosste Reese verfënneffacht. Bëlleg-Flich dogéint gi massiv manner gesicht, hei gouf et eng Baisse vu 50% am Verglach zu 2015.