Griichesche Regierungschef
Touristen, déi Rhodos hu misste verloossen, kréien eng gratis Vakanz

© AFP
De griichesche Premierminister Kyriako Mitsotakis huet dem brittesche Sender ITV gesot, datt een d'Touristen entschiedege wéilt.
All déi Touristen, déi d'Insel Rhodos déi lescht 10 Deeg wéinst de Bëschbränn hu misste verloossen, sollen am Fréijoer oder Hierscht 2024 eng Woch gratis op der Insel dierfe verbréngen. Wou een dat awer ufroe kann, ass bis ewell nach net kloer.
Duerch déi Offer wéilt ee sécherstellen, datt d'Mënschen erëmkommen an d'Schéinheet vun der Insel genéisse kënnen, esou de Mitsotakis.
Am meeschte gelies