"En Dag bei der Baach" zu Stengefort

© Harmonie Klengbetten
Wéi wier et dann dëse Weekend mat engem klenge Ausfluch op Stengefort?
Do invitéiert d'Klengbettener Musek zesumme mat der Stengeforter Gemeng muer an e Sonndeg nämlech op hir 21. Editioun vum "En Dag bei der Baach".
Virun e puer Joer nach ënnert "En Dag beim Weier" bekannt, huet ee missten d'Plaz wéinst engem Chantier beim Weier wiesselen. An esou ass dëst mëttlerweil traditionellt Fest am Park hannert der Gemeng zu Stengefort. De Weier ass elo zwar eng Baach, mee soss huet sech u sech net all ze vill geännert. D'Häerzstéck vum Dag bei der Baach ass nach ëmmer den Handwierks- a Kënschtlermaart an do fënnt een déi 2 Deeg 30 bis 40 Stänn am Park.
Well een dëst Joer awer den 20. Anniversaire vum "En Dag bei der Baach" nofeiert, ass de musikalesche Programm e bëssi méi grouss opgezunn. Samschdes ass an deem Kader Party ugesot. De Jeff Kaufmann, President vun der Klengbettener Musek, mat den Detailer:
"Als éischt ass eng Brass Band do aus der Belsch, the Humphreys, an dono trëtt da Schëppe Siwen op. Schëppe Siwen ass eng Formatioun hei zu Lëtzebuerg, déi ass bekannt. Bréngt Är Danzschong mat, well do gëtt gedanzt, dat gëtt Spektakel mat hinne Samschdegowes."
Sonndes läit de Fokus dann éischter op de Kanner:
"Do hu mer u sech och dee gréissten Headliner, dat ass de "Kapitän Mullebutz a seng Séisswaasser-Matrousen. Déi bidden en extra Programm fir Kanner un, also e Concert fir Kanner. An dono hu mer dann "Nikki Ninja an Afrobeathoven", dat ass u sech en Hip-Hop-Concert fir Jugendlecher. Dat gëtt och ganz interessant. Donieft hu mer awer och de Georges Sadeler mat senger Formatioun "Saxobeat and Tubaman" an d'Kolleege vun der Folschter Strëpp op Besuch."
Natierlech geet hei och keen hongereg oder duuschtereg heem, well vu Kniddelen iwwer Gyros bis hin zu 3 verschiddenen Zorte Fritten an dat traditionellt Gegrills misst jiddereen de Bauch voll kréien.
Rendez-vous deemno e Samschdeg vu 17 Auer un an e Sonndeg vun 11.30 Auer un hannert der Gemeng zu Stengefort fir e flotten Dag bei der Baach ze verbréngen.
Weider Informatioune fannt Dir hei.
All Dag plécke mir fir Iech een Event oder eng Aktivitéit eraus:
Den Tipp vun e Méindeg:Sudstroum Escher Kulturlaf
Den Tipp vun en Dënschdeg:Erzielwanderung zu Lëlz: Natur, Skulpturen a Geschichten
Den Tipp vun e Mëttwoch:Kino beim Schlass zu Suessem
Den Tipp vun en Donneschdeg:Maart a Musek zu Wolz