Braucht Dir e bësse Sonn?
Vu Bali bis Mauritius

© Mladen Antonov / AFP
Fir e bësse Sonn op Lëtzebuerg ze kréien, weise mer Iech hei déi 5 sonnegst Destinatioune vun der Welt.
Bali (Indonesien):
Pro Dag gëtt et tëscht 8 an 10 Sonnestonnen. Nieft wonnerschéine Stränn kann een och déi vill Tempelen an d'Kultur vum Inselstaat bewonneren.
Barbados:
Op der Insel ass an der Moyenne eng Temperatur vu 27 Grad Celsius. D'Sonn ass dat ganz Joer um Rendez-vous. D'Karibikinsel ass bekannt duerch déi schéi wäiss Stränn. / ©
AFP
Dubai (Vereenegt Arabesch Emirater):
Mat 3.500 Sonnestonne pro Joer ass Dubai eng vun de sonnegste Plazen op der Welt. An de leschte Joren ass et eng beliefte Vakanzendestinatioun ginn. / ©
AFP
Mauritius: Op der Inselgrupp am indeschen Ozean schéngt 300 Deeg a Joer d'Sonn. D'Natur zeechent sech aus duerch Koralleriffer, Lagunen a wëll Déieren. / ©
AFP
Phuket (Thailand):
Och hei kann een 300 Deeg am Joer d'Sonn genéissen, bei enger Duerchschnëttstemperatur vu ronn 28 Grad Celsius. Phuket ass och ënnert anerem duerch d'Nuetsliewe bekannt. / ©
AFP
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies