Am Live! Planet People goung et e Freideg ëm Futtball, Musek an eist Gehier.

De Paul Philipp an de Jeff Kettenmeyer sinn d'Salz an der Zopp bei de Matcher vun der Championsleague. Wat laang Joren den Duo Delling/Netzer op der däitscher Televisioun bei alle grousse Fussballmatcher war, dat si si zanter 10 Joer bei all de wichtege Partië vun dëser prestigiéiser Liga. Allebéid suergen derfir, dass do net just d'Spilltechnik an d'Reegelen theoretesch analyséiert ginn, mee och nach aner verbal Passen hin an hierginn. An och bei der Finall dëse Samschdeg duerf ee sech op e spannenden Owend tëscht Borussia Dortmund a Real Madrid op RTL Zwee freeën.

RTL

De Joris kennt Lëtzebuerg a steet e Samschdeg zu Diddeleng op der Bün vum Usina. Hien stoung schonn op e puer Bünen am Grand-Duché. Dëse Samschdeg wäert hien ënner anerem mam Cro an English Teacher op der Bün stoen a fir do huet hien och eng Weltpremière versprach. Mee och Klassiker wéi 'Herz über Kopf' oder 'Signal' a säin aktuellt 'Willkommen, Goodbye' wäerte ganz sécher net feelen. Mat 5 Joer huet hie sech schonn un d'Musek ginn a spillt zanterhier eng ganz Partie Instrumenter. De Loun sinn ënnert anerem dräi Echoen. www.jorismusik.de

RTL

Den Dr Henning Beck ass en däitsche 'Science Slammer' a weess, wéi eist Gehier tickt. Säin aktuellt Buch heescht 'Hinrissig'. Hie schreift awer och reegelméisseg fir de GEO Magazin an ass Kolumnist bei der Wirtschaftswoche. Hien hält Konferenzen zu Theme wéi Neurobiologie a Kreativitéit a beschäftegt sech mat Schwéierpunkte wéi 'Gehier vs KI'. Awer och a viregte Bicher huet hie scho fir dat mënschlecht Gehier plädéiert a senge Bicher 'Irren ist nützlich: Warum die Schwächen des Gehirns unsere Stärken sind' oder 'Biologie des Geistesblitzes - Speed your mind' www.henning-beck.com

RTL