UEFA-Supercup-FinallMadjo-Gol geet net duer, PSG wënnt den UEFA-Supercup géint Villa

Steven Milbert
En Mëttwoch den Owend ass am éisträichesche Salzburg de Ball gerullt. Dëst well am Kader vun der UEFA-Supercup-Finall de PSG op Aston Villa getraff ass.
© Franck Fife / AFP

PSG huet sech zu Salzburg mat 2:1 géint Aston Villa duerchgesat an domadder den UEFA-Supercup fir déi zweete Kéier an der Veräinsgeschicht gewonnen. Aus Lëtzebuerger Siicht stoung virun allem de Brian Madjo am Mëttelpunkt: De 17 Joer jonke Stiermer huet kuerz virun der Paus den tëschenzäitlechen 1:1 fir d'Villans markéiert. Um Enn sollt säi Gol awer net duergoen, dëst well den Doué de PSG no der Paus nees a Féierung geschoss huet.

Déi bescht Zeenen aus der UEFA-Supercup-Finall
No 90 Minutte ka sech de PSG mat 2:1 géint de PSG behaapten

PSG - Aston Villa 2:1

1:0 Kvaratskhelia (20'), 1:1 Madjo (45'), 2:1 Doué (61')

D'Goler aus dem Match tëscht dem PSG an Aston Villa
D'Spectateure kruten e flotte Match mat dräi Goler zu Salzburg gebueden

D'Spectateuren kruten an der éischter Hallschent zu Salzburg eng Ekipp vum PSG ze gesinn, déi méi Ballbesëtz hat an de Match dowéinst an der Ufanksphas och kontrolléiert huet, ouni awer direkt fir vill Gefor ze suergen. Aus dësem Grond ware Golchancen an der Ufanksphas rar geseent. No enger ronn zwanzeg Minutten sollten d'Paräisser dunn awer mat der éischter richteg gudder Occasioun zouschloen: D'Villans konnte sech um eegene Strofraum net propper befreien, soudatt den Doué de Ball erëm séier festmaache konnt an de Kvaratskhelia hallef lénks am Strofraum an Zeen gesat huet. De Georgier huet de Cash mat enger kuerzer Beweegung stoe gelooss an huet de Bizot mat engem sate Schoss um falsche Fouss erwëscht, soudatt de PSG mat 1:0 a Féierung gaangen ass. Aston Villa huet nom Réckstand Zäit gebraucht, fir richteg an de Match ze fannen, ass dunn awer an de Schlussminutte vun der éischter Hallschent däitlech méi geféierlech ginn. Besonnesch de Brian Madjo war ëmmer nees de gesichte Mann an der Spëtzt an huet fir vill Onrou am Paräisser Strofraum gesuergt. Dëst fir d'éischt duerch e Kappball, deen de Lëtzebuerger iwwert de Gol gesat hat an duerno duerch e Schoss, deen nëmmen ëm e puer Zentimeter nieft de Gol gaangen ass. Kuerz virun der Paus konnt de Madjo sech du fir säin Opwand awer belounen. No enger präziser Flank vum McGinn huet de Madjo sech géint de Pacho behaapt an de Ball Volley ënnert d'Lat gesat. Kuerz drop huet den Arbitter béid Formatiounen op den Téi geschéckt, soudatt et mat engem 1:1 an d'Kabinne gaangen ass, bei deem sech d'Lëtzebuerger Talent op der grousser europäescher Bün direkt an de Mëttelpunkt gespillt huet.

Nom Säitewiessel huet de PSG direkt reagéiert an huet mam Dembelé zousätzlech Qualitéit fir de Stuerm bruecht. Mä et war awer Aston Villa, dat besser aus der Kabinn an duerch de McGinn zu enger éischter gudder Méiglechkeet komm ass. Allerdéngs konnt de Safonov am Gol vum PSG de liicht ofgefälschte Schoss paréieren. An der Suite vun der zweeter Hallschent huet Paräis ëmmer méi no Lächer an der kompakter Villa-Defense gesicht, wat Paräis an der 61. Minutt dunn och gelongen ass: No engem Uspill vum Dembelé ass den Doué fräi duerchgewiescht an huet de Ball am Gol ënnerbruecht. De Linieriichter hat zwar fir d'éischt op Abseits decidéiert, mä no VAR-Asaz huet den Arbitter de Gol ginn, well de Cash am Virfeld den Abseits opgehuewen hat. Kuerz nom Géigegol hat Villa d'Chance op déi direkt Äntwert, mä de Safonov konnt de stramme Schoss vum Hemmings entschäerfen. Doropshin huet de PSG d'Decisioun gesicht, mä weder den Nuno Mendes mat sengem Schoss an der 71. Minutt, nach de Kvaratskhelia mat sengem Lupfer an der 82. Minutt konnte fir dës suergen, soudatt de Match weiderhi spannend bliwwen ass. Aston Villa huet doropshi wuel nach probéiert, fir den Ausgläich, deen iwwert de ganze Match gekuckt wuel verdéngt gewiescht wier, ze markéieren, mä um Enn sollt de Villans dësen net méi geléngen. Domadder ka sech de PSG no 90 Minutte mat 2:1 géint Aston Villa behaapten an den UEFA-Supercup fir déi zweete Kéier an der Veräinsgeschicht gewannen.

Back to Top
CIM LOGO