Am Déngscht vum Haff - Episod 2Diskretioun ass als Valet dat Wichtegst

RTL Lëtzebuerg
Vun der Kichen am Schlass Bierg, iwwer d'Lingerie bis an d'Sëlwerkummer vum Palais. Wéi ass et, fir de Grand-Duc ze schaffen?
Am Déngscht vum Haff - Episod 2
D’Antoinette Hoschet weist eis, wat d’Aufgabe vun engem Valet sinn. A mam Armando Zanette dierfe mir ee Bléck an d’Sëlwerkummer an an de Wäikeller geheien.

Mir kréien en exklusiven Abléck hanner d’Kulisse vun der Maison du Grand-Duc a léieren déi Leit kennen, déi fir d’groussherzoglech Famill schaffen.

Antoinette Hoschet, Valet

© RTL

Si suergen am Hannergrond dofir, dass alles op der richteger Plaz a jiddereen zefridden ass: d’Valeten. E villfältege Beruff, bei deem Diskretioun grouss geschriwwe gëtt. D’Antoinette Hoschet schafft zanter zwee an engem hallwe Joer als Valet am Palais. Do virdru war si 10 Joer laang Serveuse an engem Duerfbistro. T-Shirt an Jeansbox goufen duerch Costume an Händchen ersat. Mir konnten d’Antoinette een Dag laang mat der Kamera op der Aarbecht begleeden, wéi de Grand-Duc nei Ambassadeuren empfaangen huet.

Armando Zanette, Sëlwermeeschter

© RTL

De Sëlwermeeschter Armando Zanette krut schonn déi eng oder aner Medail fir säin Déngscht. Hie schafft nämlech zanter méi wéi 30 Joer um Haff. An där Zäit konnt hien allen dräi Haiser kenne léieren: Fëschbech, de Palais an d’Schlass. Am Reportage erzielt hien eis méi iwwert déi schéinst Erënnerungen aus senger laanger Karriär. An hie mécht eis d’Dieren op vun der Sëlwerkummer am Palais, a weist eis wéi eng Schätz sech do verstoppen.

Am Déngscht vum Haff - Episod 1

Back to Top
CIM LOGO