Nicolas Thill, Renée Wirth, Guy Krier a Luigina Romor
Dës Woch am LIVE! Planet People geet et ëm Schwammen, Danzen, Fitness a Venedeg.
Den Nicolas Thill ass eng vun eise Schwammhoffnungen am Baseng beim 56ten CIJ-Meet de Weekend vum 7-9. Mäerz. De Landesmeeschter am 200m Réck am klenge Baseng vun 2023 huet sech 2009 eng éischte Kéier fir d'Schwammen interesséiert, an huet sech ëmmer weider eropgeschafft bis hien am héchsten Grupp, der Elite ukomm ass, wou hien zanter 2020 reegelméisseg gutt Leeschtungen bréngt. A wann den 19 Joer ale Schwëmmer net trainéiert oder ëm eng Medail kämpft, da spillt hien an der Fräizäit och Piano oder sëtzt um Vëlo. www.swimming.lu

D'Renée Wirth hat d'Chance, zu Wien um Opernball als 'Debütantin' derbäi ze sinn. D'Schierener Meedchen lieft a studéiert zu Wien an hat déi grouss Éier, den traditionellen 'Wiener Opernball' mat sengem Danzpartner opzemaachen. D'Oper war nees festlech dekoréiert, d'Dammen haten déi laang Toilette un an d'Männer de schwaarze Frack a si all hunn op de Saz 'Alles Walzer' gewaart. D'Renée mécht och selwer Musek, spillt zanter dem 6. Liewensjoer Gei an ass aktuell Member vum NDR Jugendsinfonieorchester. Facebook: Renée Wirth
De Guy Krier ass Personal Coach an hält seng Clienten net just an der Faaschtenzäit fit. Turnen huet hie schonn ëmmer begeeschtert an hien huet als Trainer Jongen a Meedercher a verschiddene Veräiner trainéiert. An den 80er Joren, wéi déi bekannt Aerobic-Well op Lëtzebuerg eriwwergeschwappt huet, war hien dovunner faszinéiert. No 30 Joer op enger Bank huet hien de Kostüm un de Nol gehaangen an decidéiert, Leit eenzel fit ze maachen. Dat sinn elo 12 Joer hier a bis haut huet et him net Leed gedinn. www.instagram.com/krierguy/?hl=de
D'Luigina Romor ass Touristeguide zu Venedeg, wou se d'Fuesent op hir Manéier feieren. Déi fréier Journalistin vun der RAI ass Historikerin an huet Konschtgeschicht a Mëttelalterlech Geschicht studéiert. Si huet en enorme Repertoire vu Bräich an Traditiounen a versteet all déi Leit, déi elo fir d'Fuesent an déi romantesch italieenesch Stad kommen, déi net just déi Verléiften all Joer ulackelt. "Venedeg vun A bis Z' gëtt et awer och virtuell beim Luigina, iwwer Zoom, wou een och alles iwwer Skandaler, Helden a Krimineller gewuer gëtt. www.take-me-to-venice.info/about-me