
Schonn 2025 hat d'LSAP-Politikerin op eng änlech parlamentaresch Fro geäntwert kritt, datt d'Police primär fir d'Sécherheet vu Mënschen zoustänneg wier an de CGDIS fir d'Rettung vun de Leit. Eng Interventioun am Zesummenhang mat vermëssten Déiere wier deemno nëmmen an Ausnamefäll virgesinn, notamment wann et eng konkreet Gefor duerch d'Déier géing ginn. Der Claire Delcourt no eng Situatioun, déi dozou féiere géing, datt "vill betraffe Persounen ouni kloer Orientéierung oder Ënnerstëtzung bleiwen".
Och wann d'Police net dofir zoustänneg ass, ginn hinnen awer reegelméisseg vermësst Déiere gemellt. An deem Fall leede si d'Leit un Associatioune wéi d'ASBL Sichhënn weider, déi an deem Beräich aktiv sinn, heescht et an der neier Äntwert vum Inneminister Léon Gloden an der Landwirtschaftsministesch Martine Hansen. An de leschte fënnef Joer wieren der Police am Ganzen eng 1.667 vermësst Déiere gemellt ginn. Eleng dëst Joer waren et der bis de Juli inclus 217. Uriff op den 112 géingen awer net erfaasst ginn.

Eng national Strategie oder Koordinatioun am Beräich vu vermëssten Hausdéiere gëtt et den Ament net. D'Ministere betounen an deem Kontext, datt schonn "eng Rei vu bestoend Acteuren" an deem Beräich aktiv wieren. Domat hätte Proprietäre schonn haut "verschidden Ulafstellen", déi si "bei der Sich no hirem Déier oder der Identifikatioun vun opgegraffenen Déieren ënnerstëtze kënnen".