D'Vicky Krieps huet hirem Lazarus "Jo" gesot

© AFP Archivbild
D'Vicky Krieps huet sech bestuet - net just mat hirem laangjärege Partner, ma och mat der Sonn, mam Mier a mat der griichescher Loft.
Am Krees vun deene Mënschen, deenen hier am léifsten an am nooste stinn, huet d'Lëtzebuerger Actrice Enn Mee hirem laangjärege Partner Lazarus Gounaridis d'Jo-Wuert ginn. Kenne geléiert hate si sech wärend dem Tournage vum Film "Hot Milk".
Gewosst war am Virfeld näischt, Diskretioun grouss geschriwwen. Wéi een an engem exklusiven Interview mat "Vogue France" noliese kann, war déi heemlech a geheim Zeremonie am Krees vun hire Léifste respektiv der Famill an dem enkste Frëndeskrees op der griichescher Hallefinsel Chalkidiki, bei hirem Mann senger Famill.
Den Hochzäitsrack, ganz romantesch mat vill wäiss an dezente rosa Rousen a grénge Blieder drop, ass eng Kreatioun aus dem bekannten Designerhaus vum Vivienne Westwood - en extra fir d'Actrice ugefäerdegt Eenzelstéck.
De Rack war net just e Verspriechen un hir Bomi, et war och ee ganz grousse Wonsch, dass et misst e Rack vun dëser Designerin sinn, wéi aus dem Interview ervirgeet. Virun 10 Joer hätt si emol e Rack vum Vivienne Westwood gesinn an dat wier dee schéinsten Hochzäitsrack gewiescht, dee si jeemools gesinn hätt. Duerch en Zoufall hätt si den Directeur artistique Andreas Kronthaler begéint a vun do u war de Westwood-Rack net méi just e Wonsch, e gouf Realitéit.