E Sonndeg 29. November moies tëscht 6 an 12 Auer gëtt den Elektrouewen um Site vun der fréierer Schmelz zu Esch/Schëffleng zum Fale bruecht. Den Uewen, dat heescht, wat vun ëm nach aktuell steet, gëtt ugeseet an duerno fält dësen a sech zesummen.
"1992 gouf den Elektrouewe gebaut. 1994 ass en ugefuer ginn. Et war den éischte modernen Elektrouewen hei am Land, wou Schrott benotzt gouf, fir Eisen ze produzéieren", sou den Alain Guenther, fréiere Schmelzaarbechter zu Schëffleng an duerno President vun der Delegatioun.
E Sonndeg gëtt en Zäitzeie vun der Schwéierindustrie um Site vun der Schmelz vun Esch/Schëffleng dem Buedem also gläich gemaach. Aus Sécherheetsgrënn gi wärend den Ofrappaarbechten e puer Mesuren en place gesat. Ënner anerem gëtt d'Strooss tëscht Schëffleng an Esch Richtung Neidierfchen gespaart.
"Eng Stëbswollek ass méiglech", erkläert de Schëfflenger Buergermeeschter Carlo Feiereisen. Den Elektrouewe steet nämlech relativ no zu enger Strooss. "Eng hallef Stonn virun der Sprengung ginn d’Schëfflenger Awunner iwwer eis App informéiert", sou nach de Buergermeeschter Carlo Feiereisen.
D'Demolitioun vum ronn 50 Meter héije Gebai ass en Deel vun der Ëmgestaltung vum fréieren Industriesite tëscht Esch-Uelzecht a Schëffleng zum neie Wunnquartier “Metzeschmelz”. Méi spéit sollen um ronn 63 Hektar grousse Site eng 10.000 Awunner hei liewen a schaffen.