Schrëtt fir SchrëttVu Gewalt a Sucht: D'Cláudia wëll e bessert Liewe fir hir Duechteren opbauen

Sibila Lind
Hir Vergaangenheet ass gepräägt vu Gewalt an Drogenofhängegkeet. Haut ass d’Cláudia eng elengerzéiend Mamm vun zwee Meedercher, an ass entschloss, e gutt Virbild fir si ze sinn an hinnen d'Méiglechkeeten ze ginn, déi si selwer ni hat.

D'Cláudia kuckt net mat Léift oder Nostalgie op hir Kandheet a Portugal zeréck. Am Géigendeel: Si erënnert sech mat enger Mëschung aus Péng a Roserei drun.

"Wéi meng Mamm mech hat, war ech net gewënscht. Si huet mech net gär. Wa si frustréiert war, sinn ech zu hirem Boxsak ginn."

Vu jonkem Alter u gouf vun hir erwaart, datt si botze géif a kachen, an d’Cláudia gouf dacks bestrooft. Soubal si d'Chance hat, ass si fortgaangen.

"Ech si mat 20 Joer op Lëtzebuerg komm, fir dem Mëssbrauch ze entkommen, deen ech erlidden hat“, seet d'Cláudia. "Eng wäit Kusin vu mir, déi hei gewunnt huet, ass am August a Portugal an d'Vakanz komm, an ech hu si gefrot, ob si mir eng Aarbecht kéint fannen. Si sot, si géif kucken, wat si maache kéint. Am September huet si mech gefrot, ob ech nach ëmmer wéilt kommen. Ech hunn net zweemol nogeduecht.“

Schrëtt fir Schrëtt: Cláudia 1
D'Cláudia war fréier drogesüchteg a schafft elo an der Maison Sourrire.

E "Märchen", dat net laang ugehalen huet

Zu Lëtzebuerg ass d'Cláudia vun Zëmmer zu Zëmmer a vu Beruff zu Beruff gewiesselt, bis si schliisslech eng gewësse Stabilitéit mat engem Partner fonnt huet. Mat 23 Joer krut si hir éischt Duechter.

"Ech hat geduecht, et wier e Märchen. Ech war schwanger mat mengem éischte Kand, ech hat Dreem, ech hat mir eng Zukunft virgestallt. Mee d'Saache sinn net sou gelaf, wéi ech et gehofft hat, well ech Affer vun haislecher Gewalt gi sinn.“

D'Cláudia huet d'Bezéiung verlooss an e prekäert Liewen eleng mat hirer Duechter ugefaangen, wärend si probéiert huet, eng Wunneng ze fannen. D'Schwieregkeeten hu si schliisslech dozou bruecht, Drogen ze huelen.

Si huet wärend der Nuecht Droge geholl an dann hir Duechter de Moien drop an d'Schoul bruecht, dacks ze spéit an dobäi huet si d'Wierkunge vun den Drogen nach gespuert.

D’Cláudia huet hir Duechter an eng Maison Relais bruecht. Do ass der Direktesch schliisslech opgefall, datt d‘Cláudia Schwieregkeeten hätt, an huet proposéiert, sech un en Heem fir Mammen a Kanner ze wenden. Mat hirer Hëllef konnt d'Cláudia dohi plënneren, wou si e puer Méint bliwwen ass.

D'Organisatioun huet hir spéider gehollef, eng Wunneng ze fannen. Mä d'Stabilitéit huet net laang ugehalen.

"Nach eng Kéier sinn d'Saachen net sou gelaf, wéi ech geduecht hunn. Ech hunn no bei der Gare gewunnt an hunn nach ëmmer do geschafft, an et huet net laang gedauert, bis ech an d'Welt vun den haarden Drogen eragezu gouf.“

Schrëtt fir Schrëtt: Cláudia 2
D'Cláudia huet ee Gespréich mat der Ressource humaine an erzielt iwwert seng Vergaangenheet wou hatt drogesüchteg war.

Drogen an d'Angscht, hir Duechter ze verléieren

D'Cláudia huet d'Suen, déi si hat, benotzt, fir hir Duechter ze ernären an hir Bedierfnesser ze decken. Wat och ëmmer iwwreg bliwwen ass, huet si fir Drogen ausginn.

Wéi si gemierkt huet, datt si Hëllef bräicht, huet si eng Sozialaarbechterin kontaktéiert — mee si hat Angscht virun deem, wat kéint geschéien.

"Si hat all Recht, mir mäi Meedchen ewechzehuelen. Mee si huet mir gehollef a mir d'Méiglechkeet ginn, déi richteg Entscheedung ze treffen.“

D'Cláudia huet hir Duechter net verluer, mee huet et mussen temporär bei enger Fleegefamill placéieren, wärend si en Entzuch gemaach huet. Duerno gouf si am Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique (CHNP) observéiert, well si emotional Schwieregkeeten hat.

An dëser Zäit huet de Papp vun hirer Duechter vum Drogekonsum héieren an decidéiert, d'Gard vu sengem Meedchen ze froen.

"Et war e risege Schock. Alles wat ech konnt denken, war datt ech meng Duechter géif verléieren“, seet d’Cláudia.

Um Geriicht huet d'Cláudia dem Riichter alles erzielt: vun de schwierege Momenter an hirem Drogekonsum bis zu hirer Entscheedung, Hëllef ze sichen an eng besser Mamm ze ginn.

"De Riichter huet mir de ‚bénéfice du doute‘ ginn a gesot, datt ech vum Service central d’assistance sociale misst nogekuckt ginn. An dat hunn ech och gemaach.“

Schrëtt fir Schrëtt: Cláudia 3
D'Cláudia ass mat sengem Meedchen op der Spillplaz a kritt eng gutt Noricht.

Zéng Joer ouni Kokain — a kee Regret

D'Cláudia ass spéider eng zweete Kéier Mamm ginn. Haut lieft si mat hiren zwou Duechteren an dräi Kazen an engem Appartement, dat vun der Jugend- an Drogenhëllef zur Verfügung gestallt gëtt.

Am Oktober sinn et zéng Joer hier, datt si mat hirem Entzuch ugefaangen huet an datt si opgehalen huet, haart Drogen ze huelen. Wa si op hir Erfarungen zeréckkuckt seet si, datt si hir Vergaangenheet net géif änneren.

"Wann Dir mech frot, ob ech zréckgoen an eppes ännere kéint, géif ech nee soen. Dat, wat ech erlieft hunn, ass en Deel vun der Persoun, déi ech haut sinn. Duerch meng Rees kann ech mech elo an d'Schong vun anere Leit versetzen. Fréier war ech méi egoistesch. Also jo, ech géif alles op déi selwecht Manéier maachen.“

D‘Cláudia seet, si wier houfreg drop, wéi wäit si komm ass — a géif sech net schummen, iwwert hir Vergaangenheet ze schwätzen.

"Wann ee mech no menger Vergaangenheet freet, soen ech: Ech hu Portugal verlooss fir virun dem Mëssbrauch ze flüchten. Ech hunn eng Vergaangenheet, déi mat haarden Droge verbonnen ass, awer ech sinn hei. Ech hunn et iwwerlieft, an dat ass dat, wat wichteg ass. Ech hunn et fäerdeg bruecht, et ze iwwerwannen.“

Schrëtt fir Schrëtt: Cláudia 4
D'Cláudia ass zanter 10 Joer clean a gëtt eis een Abléck, wat déi Zäit fir hatt bedeit.

Eng nei Aarbechtsplaz bei der Maison Sourrire

Zënter datt si hiren Entzuch ofgeschloss huet, ass d'Cláudia vun enger Aarbechtsplaz op déi aner gewiesselt, op der Sich no Stabilitéit an enger neier Richtung.

Am Februar huet si ugefaange bei der Maison Sourrire zu Esch ze schaffen, enger sozialer Entreprise mat engem Atelier, Buttek a Restaurant. Hei ginn déi Leit agestallt, déi Sozialhëllef kréien, wat hinnen d'Méiglechkeet gëtt, de Wee zréck op de regulären Aarbechtsmaart ze fannen an nei Kompetenzen z’entwéckelen.

D’Cláudia huet e Kontrakt bis Dezember. Zil ass et, datt d'Mataarbechter d'Erfarung als Sprangbriet notzen, fir aner Méiglechkeeten ze fannen an datt si kënnen entdecken, wat si als nächst maache wëllen.

"Ech maache Schrëtt fir ze kucken, ob ech eng Léier als Educatrice maache kann. Mee ech hunn dat, wat ech elo maachen, wierklech gär. Also wann ech hei fortginn, géif ech dat gär mat engem Fräiwëllegekontrakt maachen, fir datt ech fir eng oder zwou Stonnen den Dag zréckkomme kann. D'Aarbecht beräichert immens.“

Fënnef Méint nodeems si bei der Maison Sourrire ugefaangen huet, huet d'Cláudia d'Organisatioun aus eegener Entscheedung verlooss. Zënterhier ass eise Kontakt mat hir verluer gaangen, an et ass net kloer, wat hir nächst Pläng oder Projete sinn.

Kuckt hei nach emol all d'Episode vun der Doku-Serie Schrëtt fir Schrëtt oder elo och déi eenzel Geschichte beieneen:

Back to Top
CIM LOGO