Léif Kanner, hutt Dir Äre Bréif un de Kleesche scho fortgeschéckt? E bëssen Zäit ass jo nach bis Kleeserchersdag. D'Elina an d'Maite, eis Kannerreporterinnen, wëlle kucken, wéi hir Bréiwer iwwerhaapt bis bei de Kleesche kommen.
Fir d'éischt muss d'Adress drop, da kritt dir esouguer per Post eng Äntwert vum Kleeschen.
Kleeschen
1, Spillstrooss
L-3290 Am Himmelsland
Vergiesst awer net, Är eegen Adress hannen op d'Enveloppe ze schreiwen! Soss kann de Kleeschen nämlech net zeréckschreiwen. An dann: Ab an déi giel Bréifkëscht domadder!
A wat geschitt da mat de Bréiwer? D'Elina an d'Maite hunn dat beim René Clement nogefrot, hie schafft scho ganz laang bei der Post an ass Préposé vum Centre de distribution zu Wecker. Hien erkläert de Kannerreporterinnen, dass d'Bréifkëschten eidel gemaach ginn an all d'Bréiwer an engem grousse Sak an de Centre de tri op Beetebuerg gefouert ginn. Hei gi se sortéiert. An d'Bréiwer un de Kleesche kommen an eng speziell rout Këscht. Wa se voll ass, gëtt se vun engem Chauffer vun der Post direkt bei de Kleesche bruecht.
Vun iwwerall si scho Bréiwer fir de Kleesche bei der Lëtzebuergescher Post ukomm. Eng Kéier souguer aus China! Och deen ass natierlech un de Kleesche weidergeschéckt ginn. An de 6. Dezember ass et eriwwer! Bis Enn Dezember souguer schéckt d'Post all d'Kleeserchersbréiwer weider. An d'Kanner, déi hir Adress dobäigeschriwwen hunn, kréien och eng Äntwert.
D'lescht Joer si bal 9.000 Bréiwer un d'Kanner zeréckgeschéckt ginn, seet de René Clement. Hie weess dat, well d'Bréiwer mat den Äntwerten natierlech och duerch de Centre de tri gaange sinn, wou d'Enveloppen da sortéiert an un d'Kanner geschéckt ginn.
Mee net ëmmer kann de Kleesche selwer äntweren, well hien esou vill ze dinn huet. Dann iwwerhuele Leit, déi him hëllefen, säi Sekretariat souzesoen.
De ganze Reportage mat de Kannerreporterinne Maite an Elina bei der Post gesitt dir an de KannaNiuuss de 6. Dezember.