Menorca – déi ënnerschate Pärel vun de Balearen
Dës Woch dréint sech um Radio alles ronderëm Menorca – déi dacks ënnerschaten, kleng Schwëster vu Mallorca.
Déi ganz Woch kënnt Dir och matspillen an um Enn souguer eng Rees op Menorca gewannen. Fir datt d’Loscht elo scho klëmmt, hëlt de Loïc Juchem Iech mat op e klengen Entdeckungstour.
LINK: Lauschtert hei de Radio live
Menorca ass en UNESCO-Weltkulturierwen a bekannt fir eng eenzegaarteg Natur a Kultur. Mat nëmmen 100.000 Awunner ass et hei däitlech méi roueg wéi zu Mallorca oder Ibiza. Ganz am Weste läit Ciutadella, et ass déi fréier Haaptstad vun der Insel. Schmuel Gaassen, barock Palaisen an déi eenzeg Kathedral (Santa Maria) vu Menorca kann een hei bestaunen. Vill kleng Butteker a virun allem vill Tapas hunn ech op menger Rees hei konnten entdecken.

© Loïc Juchem
Maó oder Mahon, sou heescht déi aktuell Haaptstad vu Menorca. Grond fir dee Changement ass ënner anerem den Naturhafen. Et ass deen zweetgréissten Naturhafen op der Welt a genee hei kommen d’Croisière-Schëffer an d’Wuer, fir d’Insel ze versuergen, un. Datt d’Britten hei eng Zäit laang d’Soen haten, fält engem direkt op. Aus der Kolonialzäit erhale stinn hei nach pastellfaarweg Kolonialhaiser oder et gëtt speziellen Gin. Wou d’Britten op d’Insel komm sinn, wollte se Gin hunn, dunn entstanen ass den Gin Xoriguer. Nach haut gëtt deen no engem ale Rezept gebrannt an et kann een en direkt sur place kafen. Op der ganzer Insel fënnt een awer och vill Kéis, de bekannte Mahon-Kéis ass beléift. Dernieft ass och de Fëschmaart an der Stad selwer en Highlight, hei gëtt moies nach ëmmer frësche Fësch verkaf, et ass awer gläichzäiteg och eng Plaz, wou Tapas-Bare sech installéiert hunn an Einheimescher an Touriste sech gäre mol fir den Afterwork treffen.

© Loïc Juchem
Iwwer 40 Prozent vun der Fläch vu Menorca stinn ënnert Naturschutz. Et ass e Paradäis. Wann een den Tuer mam Auto ronderëm d’Insel mécht, entdeckt een op all Fleck eng aner Natur. Wat opfält: Et ass vill gréng an onberéiert. Iwwregens huet Menorca méi Plagen a Buchte wéi Ibiza a Mallorca zesummen – 210 Stéck! Vill kann een der nëmmen zu Fouss areechen oder mam Boot, mä wann ee bis ukënnt, gëtt ee belount. Et ginn déi traditionell an och touristesch Plazen, wéi d’Cala Mitjana a Cala Macarella, mä wie wëll, fënnt och aner Ecker. Egal wéi gëtt ee vu karibeschem Flair iwwerrascht, mol mat méi, mol mat manner Leit. Vill flott Plagen a Buchten hunn ech iech op der Google Maps Kaart verlinkt. Wien e ganz extraen Ament wëll erliewen, ka mam Catamaran ronderëm d’Insel fueren a Buchte besichen, déi just per Boot z'erreeche sinn.

© Loïc Juchem
De Sonnenënnergang ass e weideren Highlight op der Insel. De Monte Torro ass den héchste Punkt vu Menorca, et huet een eng Vue iwwert déi ganz Insel, de Sonnenënnergang ass phänomenal a gratis. Wie wärend dem Sonnenënnergang nach gäre bësse Party wëll maachen, deem kann ech "Cova d’en Xoroi" recommandéieren. Et ass eng Bar an de Fielsen, mat Vue op d’Mier an Terrass. De Sonnenënnergang gëtt hei vu Live-Musek begleet, allerdéngs kascht et bal 30 Euro Entrée. Menorca ass awer och fir Kulinarier en absolutte Must, sief et Caldereta de Langosta oder Tapas mat Mieresfriichten, gudde Kéis oder Charcuterie: Et fënnt een op all Eck eppes ze iessen. Dernieft sinn och modern Coffee Shops, fir beispillsweis Brunchen ze goen, an de Stied ze fannen.

© Loïc Juchem
Um Schluss awer nach e klenge Geheimtipp vu mir. Op engem gemittleche Summerowend huet et mech op e Site gezunn, dee schonn eenzegaarteg ass. "Pedreres de s’Hostal" ass déi Plaz, wou fréier d’Steng ausgegruewe gi sinn, fir an de Stied niewendrun d’Haiser ze bauen. Notamment zu Ciutadella. Haut kann een de Site besichen, et gëtt net méi aktiv ausgegruewen, mä et ginn de ganze Summer iwwert Concerten a soss kulturell Evenementer do organiséiert. An enger fantastescher Kuliss kann een hei u sëllegen Owender deelhuelen. En Ticket sollt ee sech op alle Fall am Viraus besuergen. De Fosquets-Lithica-Festival geet nach bis den 11. September.

© Loïc Juchem
Alles an allem ass et eng Insel, déi ech nëmme ka recommandéieren. Virun allem, well se dacks ënnerschat gëtt an een net domat rechent, datt hei sou vill schéi Plazen op ee waarden. Klickt iech duerch d’Fotosgalerie a loosst iech iwwerzeegen, oder spillt mat bei eisem Gewënnspill. Maacht en SMS mam Stéchwuert "Menorca" op de 62468 fir 50 Cent de Message an eventuell gewannt Dir dann eng Rees op Menorca.