D‘Preparatiounen dofir lafen natierlech op Héichtouren. D‘Ekipp vum Magazin war op sëllege Plaze bei de Virbereedungen dobäi. Hei schonn e klengen Abléck.

An net grad zwou Wochen ass den Trounwiessel. Nom offiziellen Deel den 3. Oktober ass et Samschdes dat grousst Volleksfest mat Evenementer uechter d‘ganzt Land, déi all live hei bei eis op RTL iwwerdroe ginn. 
 
An der Luxexpo gëtt déi Deeg intensiv fir d‘Final vun deem animéierten Dag geprouft: e Concert op enger 360-Grad-Bün um Glacis.
 
Den Eventmanager Laurent Loschetter erkläert: "Et spillen iwwer 30 Lëtzebuergesch Artisten. Dat geet vu Klassik op Metal. Vun Jazz op Hip Hop. Déi spillen ee Stéck iwwer 90 Minutten.“ A clôturéieren domat den Dag. Den éischte Schaffdag vum neie Grand-Duc Guillaume, wann ee sou wëll. 
 
"Dunn hu mir eis gefrot, wat ideal wär fir den éischte Schaffdag als Grand-Duc? Dat ass d‘Leit emol kennenzeléieren, déi d‘Populatioun zesummestellen."
 
De Laurent Loschetter mengt d‘Lëtzebuerger Residenten. D‘groussherzoglech Koppel wäert deen Dag nämlech eng Tournée duerch Lëtzebuerg maachen. Vu Gréiwemaacher geet et op Wolz, dann op Stengefort an iwwer Diddeleng an d‘Stad. D‘Iddi dohannert erkläert de Ian De Toffoli, dee fir d‘Dramaturgie zoustänneg ass: "Deen Dag ginn d‘Awunnerinnen an Awunner vu Lëtzebuerg op e Podest gestallt, fir dass d‘ganz Welt si ka gesinn. De Grand-Duc ass deen, deen hëlleft d‘Leit op dee Podest ze stellen. Dat ass déi Story, déi mir deen Dag erzielen.
 
D‘Stéphanie an de Guillaume ginn op hirem Tour begleet vu Marrainen a Parrainen. Och déi bekannt Gesiichter goufe rezent an der Luxexpo fir hire groussen Optrëtt gebrieft. Dozou gehéieren d‘Kächin Léa Linster an och den Tour-de-France-Gewënner Andy Schleck.

A wärend zu Diddeleng intensiv d‘Prouwe lafe fir eng inklusiv Danz- a Musekshow, molen zu Wolz Kanner vu Maison Relaisen an Senioren aus Altersheemer zesummen Tellere mat Krounen drop. De Marc Scheer leed de Wëlzer Projet: "Déi gemoolten Tellere gi da gebrannt a genotzt fir deen Dag zesummen op engem risegen Dësch zu Wolz z‘iessen. Mir hunn eng 1.000 der Telleren."
 
Et ass en risege Projet, agedeelt an 22 kleng Projeten un deene ronn 3.500 Leit matschaffen. Den Dag voller Iwwerraschunge fir de Public, verlaangt vun den Organisateuren awer eng strikt Choreographie. Lauter Zännrieder mussen aneneegräifen, well dat Ganzt gëtt live vun 12.15 Auer un an déi ganz Welt diffuséiert, wéi de Laurent Loschetter: "De Schluss ass wierklech op. Normalerweis ass e géint Hallefnuecht um Glacis. Mir wëssen eben net, wéini genee mir mam Cortège iwwer d‘Rout Bréck sinn. Et ass eng Live-Sendung vu quasi 12 Stonnen. Se gëtt just vum Journal ënnerbrach. Et geschéie jo och nach aner Saachen op der Welt. Mä mir sende live wärend gutt 11 Stonnen."
 
Spektakulär Biller garantéiert. Virop de Passage iwwer d‘Rout Bréck, de Pont Grande-Duchesse Charlotte, déi dann als Bün fir 1.800 Lëtzebuerger a virop déi nei groussherzoglech Koppel dénge wäert. 
 
Dësen Donneschden komme mir am Magazin ausféierlech op d'Preparatioune fir den Trounwiessel zeréck.