Eng Rees duerch d'Geschicht vun den Nassau-Weilbourg
Visite-guidéeë ginn et der zu Lëtzebuerg vill, ma eng iwwer d'Monarchie ass et bis ewell nach net ginn.
Dat huet de Luxembourg City Tourist Office elo geännert. "Sous le signe de la couronne: découverte des monarques du Luxembourg" heescht déi nei Visite guidée. Den Tour soll souwuel Touriste wéi och d‘Residenten un d‘lëtzebuergesch Monarchie eruféieren an d‘Dynastie vum Ufank bis zum Schluss erzielen.
Ufänke mécht d‘Visite guidée do, wou och d‘Lëtzebuerger Geschicht ufänkt, op der Place Guillaume II. Hei gëtt da fir d'éischt erzielt, wéi de Grof Siegfried am Joer 963 um Bockfiels eng kleng Festung, de "Lucilinburhuc", kaaft huet – d’Keimzell vum haitege Lëtzebuerg. "Aus der klenger Festung vum Siegfried huet sech iwwer Joerhonnerten duerch Herrscherwiessel, Verträg a politesch Krisen d’Haaptstad zu engem onofhängege Groussherzogtum entwéckelt, dat haut déi eenzeg Monarchie vu senger Aart an Europa ass."
D‘Renée Noesen huet 86 Joer, ass eng vun de Guiden, déi d‘Visite guidée féiert, an ass begeeschtert vun der Lëtzebuerger Geschicht. Mat Faszinatioun a Leidenschaft verzielt si de Leit vum Grand-Duché.
"Ma ech si glécklech, well ech a mengem Alter iwwerhaapt dat nach ka maachen, an ech si begeeschtert. Ech bereeden nach ëmmer Saache vir, fir ee Virtrag zum Beispill. A wat komesch ass, ech verhalen alles, praktesch all Datum. Mä ginn ech awer doheem an de Keller eppes sichen, weess ech et net méi, och kee Gebuertsdag vu mengen Enkelkanner, mä frot mech vum Jang de Blannen an ech kann iech alles soen."
Den Tour geet chronologesch an der Zäit, wéi d‘Herrscher komm sinn. Vum Knuedler aus geet et da bei d‘Monument vun der Prinzessin Amélie, dem Prënz Henri vun Oranien-Nassau seng deemoleg Fra, bis zréck bei de Palais, wou elo den neie Grand-Duc Guillaume seng offiziell Funktiounen iwwerhëlt. An der Stad stinn op enkstem Raum vill Gebaier, Monumenter a Symboler, déi vun der Monarchie verzielen. Den Trounwiessel wier déi richteg Geleeënheet gewiescht, fir esou een Tour z‘offréieren, seet d'Tanja Bollendorf, Responsabel fir d‘Visite-guidéeën.
"Dësen Tour soll d‘Geschicht vun eiser Monarchie nach eemol bëssi an Erënnerung ruffen. Erklären, firwat Lëtzebuerg ee Grand-Duché ginn ass, wat d‘Erausfuerderunge ware vun der Monarchie am Laf vun der Zäit, wéi se sech entwéckelt huet an och d‘Geschicht vun den eenzele Monarchen nach eemol an Erënnerung bréngen."
Zanter dem 1. Oktober gëtt et d‘Visite guidée iwwer d‘Lëtzebuerger Monarchie, se dauert ronn zwou Stonnen a wäert dat ganzt Joer iwwer nach reegelméisseg ugebuede ginn. Bis ewell ware scho puer Virwëtzeger sech d‘Visitt ukucken, an hunn dobäi nei Facetten aus der Geschicht vun eiser Monarchie entdeckt.
Vum Guillaume I., deen am 19. Joerhonnert Lëtzebuerg zum Grand-Duché gefouert huet, bis zum neie Grand-Duc Guillaume, dee seng Roll haut an enger moderner Demokratie nei definéiere muss, kréien d’Visiteuren eng Rei spannend Anekdoten a Fakten iwwer d’Monarchie an hir Dynastie mat erzielt.
Wosst ee vun Iech, dass Lëtzebuerg fréier bal un de franséische Kinnek verkaf gouf, oder de Pont Adolphe déi éischt Bréck weltwäit mat esou engem grousse Bou, ouni Pilier an der Mëtt war? Ma dat, an nach vill weider Informatiounen iwwert de Grand-Duché a seng Monarchie kënnt Dir op der Visite guidée "Sous le signe de la couronne : découverte des monarques du Luxembourg" gewuer ginn.