Sylvester Stallone: "Haalt op mat de Spekulatiounen"

Sage Stallone mat sengem Monni Frank Stallone.
De Fils vum Sylvester Stallone gouf e Freideg dout a sengem Haus zu L.A. fonnt. Zënterdeem ginn et ëmmer nees nei Rumeuren ëm d'Doudesursaach an d'Ëmstänn.
Amerikanesch Medien hunn an de leschten Deeg ëmmer nees iwwert den Doud vum Sage Stallone an d'Ëmstänn ronderëm dëse spekuléiert. Sou ass z.B. gesot a geschriwwe ginn, de 35 Joer ale Sage wär schonn 3-4 Deeg dout gewiescht, ier hie fonnt ginn ass. Dës Rumeur ass awer séier vum Affekot vun der Famill, dem George Braunstein, dementéiert ginn.
D'Doudesursaach schéngt sech och ze konkretiséieren. Och wann et nach net confirméiert gouf, soll de Sage un enger Iwwerdosis Medikamenter gestuerwe sinn. Kloer ass just net op et en Accident war oder net. D'Resultater vun der toxikologescher Analys solle fréistens an 10 Woche virleien.
Wéi et heescht, wier de Sage Moonblood Stallone, dee 1990 am Film Rocky 5 de Boxer Rocky Balboa Junior gespillt hat, gutt drop gewiescht a gesond an hätt un enger Rei neie Projete geschafft.
Säin Affekot gleeft op jiddefalls net drun, dass de Schauspiller un enger Iwwerdosis gestuerwen ass.
Aner Sourcë beschreiwen awer e psychesch gestéierte Mann, dee ganz zeréckgezu gelieft huet.
Elo mellt sech dann awer och de Sly Stallone zu Wuert. Hie bedankt sech fir déi vill léif Wieder, freet d'Ëffentlechkeet gläichzäiteg awer och ëm Matgefill an Zréckhalung. Dëst giff sech op d'Spekulatiounen an déi fragwürdeg Beriicherstattung ëm den Doud zu sengem Fils bezéien, sou de verzweifelte Papp. Et giff kee méi e grousst Leed ginn, wéi wann Elteren hiert Kand verléieren.

De Sylvester Stallone, deen op Tour war fir Reklamm ze maache fir säin neie Film „Expendables 2“ soll bei der Nouvelle vum Dout vum Sage zesummegebrach sinn. D'Mamm ass dem Sylvester seng Ex-Fra Sasha Czack.
De Sylvester huet 4 weider Kanner: e Bouf, Seargeoh, 33 Joer, och Fils vum Sasha Czack an Autist, an 3 Duechteren, Sophia (15 Joer), Sistine (14 Joer) a Scarlet (10 Joer), d'Meedercher vu senger 3. Fra, d'Jennifer Flavin.