1.3 Milliarde Mënsche wunnen an der Volleksrepublik China, ma dat Land mat de meeschten Awunner huet nëmmen eng FKK-Plage - an domat ass elo och Schluss.

D'Chinese si jo éischter zeréckhalend wat d'Plakegsinn an hir Sexualitéit ugeet. Ma op der Insel Hainan am Süde vu China fënnt een d'Plage vun Dadonghai, wou d'Nudisten nach däerfe plakeg sinn. Besonnesch eeler Häre komme gär heihi fir d'Sonn an hir Fräiheet ze genéissen.

Ma zënter leschter Woch mussen d'Visiteure vun der Plage sech bekleeden. De Buergermeeschter vun der Uertschaft Sanya huet esouguer matgedeelt, datt Patrullen op den ëffentleche Plazen zirkuléieren an dofir suergen, datt keng Plakeger méi ze fanne sinn. Wee refuséiert eng Schwammbox unzedoen, kann esouguer vun de Beamte matgeholl ginn. Sech plakeg ze weise wär, dem Buergermeeschter Wang no, onziviliséiert a kéint aner Leit stéieren. Ënnerstëtzt gëtt de Wang vum Luo Baoming, dem Parteisekretär vun der Provënz Hainan, dee behaapt, normal Leit giffen "esou eppes" net maachen.

Um Chineseschen Hawaii, wéi d'Uertschaft Sanya och nach genannt gëtt, ass d'FKK-Plage e relativ neie Phenomen. Éischt Nudisten hu sech hei 2002 ugefaangen ze treffen. An de leschte Jore sinn ëmmer méi Leit dobäi komm, wat mat sech bruecht huet, datt d'Medië sech och fir dës Géigend interesséiert hunn.