The Economist
Singapur ass déi deierst Stad op der Welt

Enger neier Etude no, ass Singapur déi deierst Stad op der Welt. Tokio verléiert duerch de schwaache Yen déi meescht Plazen an den Top 10.
131 Stied ronderëm d'Welt sinn am Kader vun dëser Etude vun "The Economist" ënner d'Lupp geholl ginn.
Top 10 vun den deierste Stied:
1. Singapur
2. Paräis
3. Oslo
4. Zürich
5. Sydney
6. Caracas
7. Genf
8. Melbourne
9. Tokyo
10. Kopenhagen
Am bëllegsten ass d'Liewen zu Mumbai (Indien), Karachi (Pakistan) an Nei Delhi (Indien).

D'Zäitschrëft mécht zwee Mol d'Joer hir Enquête iwwer d'Liewenskäschten an de Groussstied. Et gëtt sech op d'Präisser vu Liewensmëttel, Kleeder, Haushaltsapparater, Loyeren, Transport, Privatschoulen, Servicer a Fräizäit-Käschte baséiert.
Am meeschte gelies