Dänesch Rees-Entreprise belount Sex an der Vakanz

Ka Sex d'Zukunft vun Dänemark retten? Eng Rees-Entreprise ass der Meenung, dass si d'Léisung fir hir demographesch Problemer vum Land fonnt hunn.
Wéi an de meeschten héichentwéckelte Länner geet d'Zuel vun de Gebuerten och an Dänemark zeréck an dofir gëtt d'Gesellschaft ëmmer méi al.
D'Léisung vun der Entreprise Spies Rejser heescht Sex.
Deen huet een anscheinend am meeschten an der Vakanz, wéi och eng Sex-Wëssenschaftlerin am Clip vu Spies Rejser confirméiert. Si seet, Vakanz géif d'Endorphine fräisetzen an déi géife Loscht op Sex maachen. 46% méi Sex hunn d'Dänen an der Vakanz an dofir wier Vakanz d'Léisung fir déi demographesch Problemer vun der Industrie-Natioun.
A fir d'Rees-Loscht vun den Dänen nach e bësse méi ze pushen, belount d'Entreprise d'Koppel mat 3 Joer gratis Bébé-Produiten plus eng Puppelche-frëndlech Vakanz, wa si noweise kënnen, dass hire Nowuess an der Vakanz gemaach ginn ass.