Wee mat der "The World" wëll matfueren ka keng Kabinn buche wéi gewinnt op enger Croisière, well dës Kabinne muss ee kafen.

Dir wollt schonn ëmmer Proprietär vun enger ganz aussergewéinlecher Immobil sinn? Wéi wär et mat engem Appartement op der gréisster Privatyacht vun der Welt? Op den 12 Decks an dem 200 Meter laange Schëff ginn et am ganzen 165 Appartementer, déi 130 verschiddene Famillje gehéieren.

D'Rees geet dann och dohin, wou d'Proprietäre sech et wënschen, kollektiv versteet sech. 2014 geet et op de Kanareschen Insele lass, iwwert den Atlantik, Guadeloupe, Puerto Rico bis an de Panama. Weider geet et mat den Ouschter-Inselen, Franséisch Polynesien an de Cook Islands. An der zweeter Halschent vum Joer geet et weider an Neiséiland an un déi australesch Ostküst ier d'Rees a Südostasien op en Enn geet.

Wann dat Iech elo Loscht gemaach huet, dann hei e klengen Iwwerbléck iwwert déi verschidden Appartementer u Bord: Vum einfach Studio bis zu der 4-Zëmmer-Suite mat 2 Buedzëmmer an enger grousser Abaukiche si vill Variatioune méiglech. Just eng Locatioun ass net méiglech, obwuel déi wéinegst Leit dat ganzt Joer iwwer um Schëff verbréngen. 250 Mann Equipage, 4 Restauranten, 6 Caféen a 6 Bare solle fir dat laiflecht Wuel vun de Gäscht suergen.

VIDEO: Aboard The World