Franséisch Haaptstad
Touristeschst Stad vun der Welt

Och 2013 bleift Paräis déi touristeschst Stad vun der Welt. Op Plaz Zwee kënnt London.
Den Äiffeltuerm, d'Sacré-Coeur, den Arc de Triomphe, de Louvre,... zu Paräis gëtt et richteg vill ze kucken, kee Wonner, datt 2013 47 Milliounen Touristen et an d'Stad vun der Léift gepackt hunn. Ma 35 Millioune Visiteure kënnt London op déi zweet Plaz.
Dës Zuelen huet den Adjoint vun der Paräiser Buergermeeschtesch Jean-François Martins am Kader vun enger Pressekonferenz matgedeelt. Vun de 47 Milliounen, ware 16.6 Milliounen Auslänner.
Bei dësen Zuele vun der Paräiser Groussregioun sinn d'Visiteure vum Schlass vu Versailles an d'Disneyland Paris net matgezielt.
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies