Dat ass pure Luxus iwwert de Wolleken

© Etihad Airways
Wee schonn emol mat Etihad Airways geflunn ass, weess, datt dës Fluchgesellschaft op Style, Service a Luxus setzt.
Schonn déi "bëlleg" Economy Class ass bei der Etihad iwwerduerchschnëttlech agreabel. Sympathesch Fluchbegleeder, eng confortabel Kabinn a gutt Iesse kritt de Gaascht hei gebueden. Eng Kategorie driwwer ass d'Business Class an déi nach méi exklusiv Gäscht gënne sech d'First Class mat Menu à la Carte an engem Buedmantel mam Numm.
Weem dat dann awer nach ëmmer net genuch ass, dee ka vun Dezember un am A380 vun elo un "The Residence" buchen, déi eenzeg Méiglechkeet 3-Zëmmer-Confort an engem kommerzielle Fliger ze genéissen. D'Schlofkummer, d'Stuff an d'Buedzëmmer sinn elegant a minimalistesch gehalen. De Butler steet während dem ganze Vol fir de Gaascht prett.
Fir den Ufank kann een "The Residence" fir d'Streck Abu Dhabi - London buchen. Weider Flich op Sydney an New York si fir 2015 geplangt.