10 Mythossen iwwert Sonnecrème

Et ass Vakanzenzäit an do brutzelt deen Een oder Anere gären ënnert der Sonn fir méi brong ze ginn. Mä op wat muss een do alles oppassen?
1. Roud gëtt brong
Vill Leit mengen, wann een e bësse verbrannt wier, géif dat den Dag drop brong ginn. Dat ass net wouer. E Sonnebrand ass eng Entzündungsreaktioun vun der Haut.
2. Am Auto ass ee virun den UV-Strahle geschützt
Et gëtt oft ugeholl, dass ee sech fir eng laang Autosrees net acrème misst. Fakt ass awer, dass déi Fënsteren déi net traitéiert sinn, 60 bis 80 Prozent vun den UV-Strahlen duerchloossen. Glace loosse wéinst hirer Laminéierung just 2 Prozent duerch.
3. Duebel agecrèmt heescht duebel geschützt
Dat stëmmt leider net. Egal wéi dacks een d'Crème drop mécht, de Schutz bleift dee selwechten. Trotz allem kann de Schutz awer zum Beispill duerch Waasserkontakt noloossen, dofir gëllt: regelméisseg nei acrèmen.
4. D'Sonnecrème vum leschte Summer kann een net méi benotzen
Dat stëmmt just hallef. Et kënnt op den Haltbarkeetsdatum an op d'Konservéierung un. Wann den Datum ofgelaf ass, verléiert d'Crème hire Schutz. Et ass och wichteg, d'Sonnecrème kill ze lageren.
5. Op Après-Soleil kann ee verzichten
Duerch d'Sonn verléiert d'Haut vill Fiichtegkeet, déi soll een hir mat Lotiounen zeréckginn. Ob dat elo Après-Soleil oder eng aner Fiichtegkeetscrème ass, béides ass gutt fir d'Haut.
6. Am Schied ass ee vun der Sonn protegéiert
Et soll een an der Mëttesstonn jo souwisou an de Schied goen. Ma och am Schied kann ee sech awer verbrennen well d'UV-Strahlung reduzéiert sech do just op 50 Prozent.
7. De Solarium bereet d'Haut op d'Sonn vir
Wien dat mengt, dee läit leider falsch. Den eegene Schutz vun der Haut gëtt doduerch net besser well Solarie meeschtens mat UVA-Strahlen, an net mat UVB-Strahlen vum natierleche Sonneliicht schaffen.
8. Am Waasser ass keng Gefor
Et ass een am Waasser net virun der Sonn protegéiert. D'Strahlen, déi duerch d'Waasser ginn si souguer besonnesch héich.
9. Selbstbräuner hëlleft der Haut virun der Sonn
Ee Selbstbräuner kann eng Sonnecrème net ersetzen. E fierft just déi iewescht Hautschicht an domat gëtt d'Sonnenempfindlechkeet net verännert.
10. Kleedung schützt viru Sonnestrahlen
D'Strahle kënnen och duerch d'Kleedung goen. Ee wäissen T-Shirt aus Kotteng huet zum Beispill just ee Liichtschutzfaktor vun 10. Wien also zum Beispill wéinst sportlechen Aktivitéiten oft an der Sonn ass, dee sollt speziell Sonneschutz-Kleedung undoen.