Nodeems e Gelänner ënnerem Gewiicht an d'Gette goung, sollen elo d'Leit e Selfie an der Stad vun der Léift maachen a kee Schlass méi ophänken ...

Zënter 2008 hunn dausende vu Koppelen um "Pont des Arts" e Schlass opgehaangen, als Symbol vun hirer Léift. Awer ze vill Léift kann och schiedlech sinn.

An dësem Fall fir d'Bréck, wou d'Gelänner schwéier ënner der Laascht vun de Schlässer ze droen hat. Am Juni war en Deel ënnert der Laascht vun de Beweiser vun der Léift zesummegefall.

Elo koum aus Paräis d'Idee, d'Schlässer duerch e Selfie ze ersetzen. D'Leit, sou hofft een an der franséischer Haaptstad, géifen dat verstoen. D'Bréck kann nämlech d'Gewiicht vun de Schlässer net droen, an dowéinst soll dës alternativ Iddi ëmgesat ginn. De Problem ass, datt d'Schlässer net op dem Pont des Arts bliwwe sinn, mä op aner Brécken a Plazen befestegt goufen.

Um Eiffeltuerm hu souguer 40 Schlässer missten ewech geholl ginn.

RTL

Zu Paräis leeft grad eng Petitioun, fir d'Schlässer ze verbidden. 10.000 Ënnerschrëften huet dës Petitioun scho kritt ...

RTL