Oh Dännebam
Beim Rockefeller-Center ginn d'Luuchten un

© Wikipedia
Zënter e Mëttwoch liicht de wuel bekanntste Chrëschtbeemchen vun der Welt nees zu New York.
26 Meter héich mat 45.000 Luuchten, sou steet déi riseg Dänn ënnert dem Rockefeller-Center zu New York. Zéngdausende Leit hunn dem Spektakel nogekuckt.
De Beemchen op der Rockefeller Plaza huet eng laang Traditioun, déi éischt Kéier ass hien 1931 op dëser Plaz opgeriicht ginn.
Um Bord vun der Zeremonie, ass et och zu Protester komm. E puer honnert Demonstranten hu géint d'Policegewalt vis-à-vis vu Schwaarzen demonstréiert.
Am meeschte gelies