Duechter vu Fluchgesellschaftschef stoppt Fliger

© AFP
D'Duechter vum Chef vun der Fluchgesellschaft Korean Air huet e Fliger gestoppt, well si net zefridde mat den Nëss war, déi si zerwéiert krut.
Der Cho Hyun Ah, déi selwer als Managerin bei der Firma schafft, wäre kierzlech Nëss zerwéiert ginn, déi hir net gefall hätten. Um Wee vun New York op Seoul krut d'Madame Macadamianëss, déi si net gefrot hat. Zousätzlech hätt si de Snack an enger Tut an net an enger Schësselchen ugebuede kritt. Doropshin huet si d'Chefin vum Kabinnepersonal ruffe gelooss, well déi Responsabel fir esou Feeler wier.
De Fliger, dee schonn ënnerwee op d'Startbunn war, huet missen ëmdréinen an ass mat 20 Minutte Verspéidung gestart.
Den Transportministère zu Seoul huet de Fall ënnersicht an och gepréift, ob et méiglech Verstéiss géint Fluchsécherheet gouf. E Spriecher sot der Noriichtenagence AFP, der Madame Cho hiert Verhale wär komplett donieft gewiescht. Déi gréisst Oppositiounspartei aus dem Land huet kritiséiert, datt esou e Verhalen dem Ruff vun der Airline géift schueden. "Firwat misst een esou eng Affär ëm e puer Macadamianëss maachen?"
Déi ganz Situatioun huet awer och nach en Nospill gehat. De Südkoreaneschen Transportministère huet eng Ënnersichung ugekënnegt, well et fir si net sécher ass, datt d'Virschrëfte vun der Fluchsécherheet agehale goufen.
Och an der Fluchgesellschaft intern hat d'Aktioun Konsequenzen. Cho Hyun Ah, Vize-Virsëtzend vu Korean Air, ass vun hirem Posten zeréckgetrueden, nodeems et vill Kritik wéinst sengem Behuelen an der Ëffentlechkeet gouf.