Bouf vum Che Guevara huet eng Agentur fir Motorradtouren

Luxus-Motorradtouren op Kuba bidd den Ernesto Guevara un. Mat de Motorrieder kënnen Touristen op d'Spuere vun der Revolutioun op Kuba goen.
"La Poderosa Tours" heescht d'Entreprise vum Ernesto Guevara, jéngste Bouf vum bekannte Revolutionär Che Guevara.
Mat enger Harley-Davidson kann ee op d'Spuere vun der kubanescher Revolutioun goen. Op dem Tripp fiert ee vun engem Luxushotel op der Insel bei dat nächst a kritt dotëscht gewisen, wou d'Revolutioun alles spueren hannerlooss huet. D'Tour soll déi schéi Landschaft vu Kuba, awer och vill vun der Geschicht vum Land weisen.
Dat den Tripp op engem Motorrad gemaach gëtt, ass och eng Homage un de Papp vum Ernesto, dee mat grousser Leidenschaft gäre mat den Zweerieder gefuer ass.
Een Tour vu sechs oder néng Deeg kascht tëscht 3.000 an 5.800 US-Dollar. Nieft dem Ernesto Guevara ass och de Camilo Sanchez e vun de Guiden. Säi Papp Antonio Sanchez, besser bekannt als "Marcos", war ee vun de Matkämpfer vum Che Guevara an ass 1967 am Kampf gefall.