Déi gréisst Akaafszentere vun der Welt

1992 huet d'Mall of America zu Bloomington am US-Bundesstaat Minnesota hir Dieren opgemaach an zënter deem ass si déi gréisst Mall an den USA.
An de 520 Geschäfter dierft all Shopping-Fan genee dat fanne wat e sicht. All Joer fannen 42 Millioune Visiteuren aus ganz Amerika de Wee. Ween Action sicht, fir dee sinn d'Riserad an d'Achterbunn villäicht eng wëllkommen Ofwiesslung.

Fir Déieren- an Aquarium-Frënn bitt d'Mall eppes ganz besonnesches. Am zweetgréisste "Sea Life" aus den USA kann een iwwer 10.000 Fësch an esouguer en Hai observéieren - eng entspanend Ofwiesslung tëscht deem ganze Stress.
Donieft gëtt et awer och e Kino an eng ronn 50 Caféen a Restauranten an deenen ee sech eng Paus ka gënnen.

Eng 250 Koppelen hu sech an der Kapell vum Zentrum schonn d'Jo-Wuert ginn a ween dono net wäit wëll fueren, kann am Hotel säin Honeymoon verbréngen.
Déi am ganzen 390.000m2 bidden Entertainment op héijem Niveau an invitéieren dozou Suen auszeginn bis d'Kreditkaarte brennen.

© Wikipedia
Weem dat elo nach net duer geet, dee muss bis op déi aner Säit vun der Welt reesen. Gutt 100 Kilometer nërdlech vun Hong Kong läit d'New South China Mall, déi 2005 hir Dieren opgemaach huet. Onheemlech 2.350 Butteker op 660.000m2 fënnt een hei, ma nëmmen 2% (47 Stéck) sinn zënter der Ouverture op. Obwuel déi Responsabel vill ënnerholl hu fir westlech Firmen ze lackelen, deet sech net vill. Datt een den Akaafszenter praktesch nëmme mat Auto a Bus kann erreechen, dréit zousätzlech dozou bäi, datt net vill Cliente kommen.

An der Mall selwer hunn déi eenzel Zonen hir eegen Themen: Amsterdam, Roum, Kalifornien,... Déi geckeg Asiaten hunn an "hiert Paräis" esouguer en Arc de Triomphe an Originalgréisst nogebaut.

Do geet et de Scheichen an hirer Dubai Mall ganz anescht. De 4. November 2008 huet si mat hiren +/-1.200 Geschäfter Ouverture gefeiert an zënter deem ass do richteg vill lass. Kee Wonner, well d'Dubai Mall hält eng ganz Rei vu Weltrekorder:
- Flächeméisseg ass si mat 1.124.000m2 de gréissten Akaafszenter op der Welt
- Hei fënnt een de gréisste "Candylicious" Buttek mat 930m2
- An hirem éischte Joer no der Ouverture (2009) hu si 37 Millioune Visiteure gezielt, 2010 waren et der esouguer 47 Milliounen

© Wikipedia

Eng schlecht Iwwerraschung hunn déi Responsabel dann awer och erlieft: Am Februar 2010 ass e Rass an deem risegen Aquarium entdeckt ginn, wart mat sech bruecht huet, datt e ganzen Deel vun der Mall huet missen evakuéiert ginn. Well an den Emirater awer esou séier geschafft gëtt, hunn d'Geschäfter deen aneren Dag nees opgemaach.

© Wikipedia
