Ouni Kleeder aus Pelz ginn d'Awunner, aus der Haaptstad vun der Mongolei, am Wanter net virun d'Dier.

Fir en Aussestehende sinn d'Temperaturen zu Ulaanbaatar kaum z'erdroen. Exposéiert Oueren a Hänn kënnen do séier ufänke mat wéidoen.

Déi mongolesch Awunner hunn dofir säit Jorzéngte speziell Techniken entwéckelt fir iwwert de kale Wanter ze kommen. Niewent Hitt aus Fuussepelz a Stiwwelen aus Hondsfell, brieche si schwaarz Kuel a Stécker fir domadder ze hëtzen. Se hunn hir ganz Iess- a Drénkkultur esou ausgeluecht, datt se déi véier Joreszäite gutt iwwerstinn. Virun allem Päerds- a Schofsfleesch si gutt fir d'Iwwerliewen.

Déi duerchschnëttlech Temperatur zu Ulaanbaatar läit bei minus 2,4 Grad Celsius. D'Stad huet 1,3 Milliounen Awunner, also méi wéi 40% vun der mongolescher Populatioun. 2015 ass den Thermometer zu Ulaanbaatar bis op minus 34 Grad Celsius gefall.

Grënn fir dës kal Temperature sinn ënner anerem d'Lag vum Plateau an déi grouss oppe Fläche vun der Haaptstad.