Hei vir hannert der däitscher Grenz kann een sech neierdéngs nees Dinosaurier ukucken.

Dobäi handelt et sech natierlech net ëm lieweg Urzäit-Deieren, mä ëm Figuren déi mat Hëllef vu Wëssenschaftler rekonstruéiert gi sinn. Den Dinosaurier-Park ''Teufelsschlucht'' zu Ernzen huet seng Diere ganz rezent um Ouschtersamschdeg opgemaach.

Den Tour duerch d'Urzäit geet iwwer 1,3 Kilometer, ma ënnerwee ginn et eng ganz Rëtsch interessant Plazen, wou een Stall hale kann. Dorënner ass zum Beispill eng Aart Spillplaz, wou d' Kanner ronderëm an op den Dinosaurier spille kënnen.

Et ginn awer och pedagogesch Aktiounen an engem richtege Fuerscher-Camp ugebueden. Do kann een dann zum Beispill mat Hëllef vun Experte Fossilie opmaachen an ënnersichen.Fir Kanner kascht d' Entrée 7.50 a fir Erwuessener 9.50 Euro.

Dinosaurierpark an der Eifel
Op deenen 1,2 Kilometer Parcours, kritt een e flotten Abléck an eng 400 Millioune Joer al Geschicht vun eiser Äerd.