Vun der Visite Guidée bis bei de Vëlostourist
Wee matzen an Europa interessant fir den Tourismus wëll sinn, dee muss sech vill verschidde Sujeten afale loosse fir Leit aus aller Welt unzezéien.
Vun de Bock-Kasematten, iwwer spannend Trëppeltier an der Nuecht bis zum Wenzelstour bitt den LCTO eng ganz Partie u flotte Visite Guidéeën. Fir e Maximum un auslänneschen Touristen unzezéien ass et awer och wichteg, datt déi offiziell Guidë vill verschidde Sprooche kënne schwätzen.
LINK: Luxembourg City Tourist Office
E ganz anere Genre vun Touriste sinn déi sougenannte Vëlostouristen, déi vun der Musel, dem Mëllerdall, der Stad bis an d'Éislek vill ënnerschiddlech Landschafte gebuede kréien. 8 weider Betriber sinn elo bei eis am Land mam Label "Bed & Bike" ausgezeechent ginn, dee fir besonnesch "Vëlo-frëndlech" steet am Ganze sinn dat elo 78 Hoteller, Campingen an Jugendherbergen.