Eng Weltrees, sech einfach eemol dreiwe loossen an dohin goen wou ee grad Loscht huet...

Dovun dreeme vill Leit an déi aner setzen et eemol am Liewen ëm,  sou wéi och d'Sarah Cattani, dat zanter dem 1. Februar mam Rucksak an der Welt ënnerwee ass.

AUDIO: Auroville (Indien) - Eng Stad mat alternative Liewensstiler

De Moment ass hatt un der Südostküst vun Indien, méi präzis op enger ganz apaarter Plaz : AUROVILLE, bei Pondicherry. Dat ass eng kleng Stad an där alternativ Liewensstiler zanter iwwer 40 Joer groussgeschriwwe ginn, an do ass him ënnert anerem och e Lëtzebuerger iwwer de Wee gelaf.

RTL
AUDIO: Dem Sarah seng Weltrees: Alles no Plang?

Als nächst Statioun vun der Rees steet Sri Lanka um Programm, wou d'Sarah ënnert anerem déi Lëtzebuerger ONG “Ayubowan” besiche geet, déi zanter dem Tsunami 2004 den Leit op der Plaz hëlleft. Suivéiere kann een d'Sarah op senger Weltrees och iwwer Internet an zwar op helloglobe.eu oder op Facebook ënnert helloglobeblog.