D'Sarah Cattani war op Visite beim Projet Savi Jaya zu Weligama an Sri Lanka, en Land wat am Dezember 2004 vun engem Tsunami stark geraff gouf.

Ma och nach haut, gutt 10 Joer méi spéit, si vill Awunner vun der Insel nach ëmmer op Hëllef vu baussen ugewisen an dat fir déi alldeeglech Saachen.

Bei der Fro, wat d'Awunner vun Weligama am Süde vum Land sech wënschen, koumen déi banalste Saachen eraus wéi z.B Elektresch am Haus oder eng Bitzmaschinn. Et sinn also un sech ganz kleng Wënsch, déi eigentlech einfach ze realiséiere wieren, wann da Suen do wieren. Dorausser ass eng Portrait-Serie enstanen.

Savi Jaya, iwwersat “Staarke Wëllen” ass eng lokal Fondatioun, déi sech genee mat dëse Besoinen ausenanersetzt a probéiert do anzegräife wou Hëllef gebraucht gëtt. Op lokalem Plang ënnerstëtzt d'Fondatioun vill verschidde Projeten am edukativen an am gesondheetleche Beräich, ma fir Mikro-Krediter vu klenge Firmen, Fësch- an Agrarindustrie oder Haiserbau ginn ënnerstëtzt.

Savi Jaya gëtt dann och vun der Lëtzebuerger ASBL Ayubowan ënnerstëtzt.