Paräis
Konkurrenz fir den Eiffeltuerm an der franséischer Haaptstad

Plaz, wou den Tour Triangle zu Paräis soll hikommen. / © afp
De Gemengerot zu Paräis huet säin Accord fir den Tour Triangle ginn.
Den Eiffeltuerm zu Paräis kritt Konkurrenz. En Dënschdeg huet de Gemengerot vun der franséischer Haaptstad säin Accord fir den Tour Triangle ginn. De Projet soll bis 2020 fäerdeg sinn a bal 500 Milliounen Euro kaschten.
Den 180 Meter héije gliesenen Dräieck kënnt bei d'Porte de Versailles. Déi Paräiser Buergermeeschtesch Anne Hidalgo huet de Projet als staarkt Symbol fir d'Attraktivitéit vu Paräis bezeechent. De Bau, deen duerch seng Envergure fir vill Diskussioune gesuergt hat, soll 5.000 Aarbechtsplaze schafen.
Am meeschte gelies