Op Chantier op der E40 goufe bal 60.000 Leit geblëtzt

© Google Maps
Zanter zwou Woche besteet de Chantier op der Autobunn E40 Richtung Belsch-Plage an hei goufe 58.264 Automobiliste vun engem fixe Radar geblëtzt.
Tëscht den Opfahrten Erpe-Mere a Wetteren ass op der Autobunn E40 Richtung Belsch Plage e Chantier wou d'Vitesse op 70 Kilometer an der Stonn beschränkt ass. An de leschten zwou Wochen, wou de Chantier besteet, hu sech awer wéineg Leit un dës Limitte gehalen. An der Moyenne gëtt all 6 Sekonnen en Automobilist geblëtzt, wat der iwwer 4.000 pro Dag ausmaachen an am ganzen ronn 58.264 um Stand vun e Mëttwoch den Owend. Domadder ass den Taux vun den Autoen, déi hei geblëtzt ginn, méi wéi 8 Mol esou héich, wéi soss an der Moyenne an der Belsch op engem Chantier.
De ganze Chantier kascht de belsche Staat ronn 5,5 Milliounen Euro. Éischten Héichrechnunge vun der Noriichtenagence Belga no, kéint de Staat awer 4,5 Milliounen mat de Protokollen, déi bis elo ausgestallt goufen, anhuelen. Domadder géif d'Net-Respektéieren vun de Vitesse-Limitatioun vu villen Automobilisten op dëser Plaz de Chantier bal vum selwe finanzéieren.