Disney wëll zwee Themeparke lancéieren

© AFP
Wéi de CEO vun Disney Bob Iger e Samschdeg annoncéiert huet, sollen zwee nei Star-Wars-Themeparken entstoen, dës als Unhang un Disneyland an Disneyworld.
D'Parke vun Disney a Florida an a Kalifornien wäerten an den nächste Jore méi grouss ginn. Béid sollen eng Star-Wars-Extensioun kréien, sou heescht et e Samschdeg vun Disney. Virgestallt gouf de Projet op der D23Expo, eng Ausstellung, déi de Grupp fir hir Fans a fir d'Journalisten organiséiert.
Mam Opkafe vu Lucasfilm wollt ee "Star Wars" an all d'Beräicher vun der Entreprise mat abezéien, sou den Disney-CEO.
5,6 Hectar grouss wäert all Park ginn an ass domadder de gréissten eenzelnen Ausbau, dee je vun Disney gemaach gouf. D'Leit déi do schaffe wäerten dann och Kostümer aus de Star Wars-Filmer unhunn, abegraff och Masken, fir d'Aliens duerzestellen.