Bolivien
Geschwë kee Salzdëppche méi an de Restauranten?

Fir d'Leit virun héijem Bluttdrock ze schützen, wëll Bolivien d'Salzdëppercher an de Restaurante verbidden.
Donieft wëll den neie Verbraucherschutz-Minister Guillermo Mendoza duerchsetzen, datt d'Restaurante mussen ugi wéi vill Salz an Zocker an hire Platen ass.
Déi bolivianesch Regierung geet dovun aus, datt vill Leit ënner héijem Bluttdrock leiden, well si ze vill Salz consomméieren. Am südamerikanesche Land ass all drëtte mat héijem Bluttdrock an de Konsequenze geplot.
Am meeschte gelies