680 Euro fir en "Zëmmer" ënnert der Trap

© Twitter Alex Lomax
Eng Britin war schockéiert, wéi si zu London gesinn huet, wat si fir e Loyer vu 500 Pont, ronn 680 Euro, sollt kréien.
An der Annonce war nach alles gutt: Gesicht gouf eng Persoun, déi sech enger WG uschléisse wéilt. Verlount gouf en Zëmmer mat engem Bett, fir eng Persoun, déi och mat deenen aneren géif ofhänken an net nëmmen an hirem Zëmmer wéilt bleiwen.
Déi 23 Joer al Britin aus Nottingham wollt sech dat Zëmmer ukucken an huet e Rendez-vous ausgemaach. Wéi si du gesinn huet, wat mat deem "Zëmmer" gemengt war, huet se am Ufank gemengt, de Besëtzer vum Haus géif sech e Spaass mat hier erlaben. Ma deen huet si op Nofro just ganz komesch ugekuckt.
D'Britin huet e puer Fotoe gemaach an op Twitter hir ganz Roserei erausgelooss. Ëmmerhinn hu verschidde Leit et mat Humor geholl, an de Verglach mam Zëmmer vum Harry Potter gezunn.