Eng Iechternacherin am Süde vun Indien
Op senger Rees begéint d'Sarah ville Leit aus ville Länner ... an heiansdo och Lëtzebuerger op aussergewéinleche Plazen.
An Indien ginn et net nëmmen helleg Kéi oder Götter mat bloe Gesiicher an 8 Äerm, et gëtt eng Hellewull u spirituelle Plazen, déi dacks méi mat indescher Traditioun wéi mat Relioun ze dinn hun. Esou z.B en Ashram, iwwersat eng Plaz wou ee sech ustrengt, souzesoen en klouschteraartegen Meditatiounszentrum. Där ginn et iwwerall an Indien, ma am Süden am Kerala ass e ganz Speziellen.
Hei lieft nämlech d’Amma, och bekannt als “hugging Saint” , also iwwersat eng helleg Fra, déi d’Leit an den Aarm hëlt. Dës Inderin, déi grad hiren 62. Gebuertdag gefeiert huet, huet bis haut iwwer 40 Millioune Leit ermaarmt. Vun Moies bis spéit an d’Nuecht mécht si dat, all Dag, sief et an hirem Ashram oder op Tournee an Amerika, Europa, Australien oder soss iwwerall op der Welt. Esou eng Ëmaarmung krut och d’Elise vun Iechternach 1998 zu Bonn. Haut heescht sie Shyama mat hirem spirituellen Numm a wunnt zanter 15 Joer mam Amma an Indien. D’Sarah Cattani ass der mëttlerweil 77 Joer aler Lëtzebuergerin begéint.
Et ass schon eppes Extraes, wann een op Amritapuri an der Amma hiren Ashram an Südindien kënnt. Matzen an de Mangroven an Palmen sti 15-stäckeg Heichhaiser a riseg Halen. All Dag kommen hei honnerte vun Leit higepilgert fir en Darshan ze kréien, esou heescht eng Ëmaarmung vun dëser helleger Inderin.
Ma d’ganzt Joer iwwer wunnen hei eng 5.000 Leit als Residenten, gréisstendeels Inder ma och eng 600 Auslänner dorënner d’Shyama vun Iechernach, déi vun der éischter Begéinung un vum Amma faszinéiert war.

The hugging Saint, also déi Helleg, déi d’Leit ëmaarmt, mécht dann och den ganzen Dag genee dat, nämlech Leit an den Aarm huelen, an zwar stonnenlaang.
Ma net nëmmen esou hëlleft d’Amma de Leit, si huet och eng Panoplie vun Hëllefsorganisatiounen an d’Liewe geruff, an Indien an och wäit doriwwer eraus an ënnerstëtzt Leit an Nout duerch Done mat Wunnraum, Iessen oder no Naturkatastophen, spezifesch och Kanner oder Fraen … Der Amma hir Relioun ass d’Léift, a genee dat huet d’Lëtzebuergein iwwerzeegt an Indien auszewanderen.
D’Shyama feiert e geregelt Liewen am Ashram, wou jidfereen deen hei wunnt oder op Besuch kënnt och mathëlleft bei den verschiddensten Aufgabe kachen, botzen, organiséieren, jee dass de Butteck leeft. Ma wäit dorriwer eraus ass d’Liewen an Indien natierlech en ganz anert wéi dat zu Lëtzebuerg. D’Shyama ass vill gereest an hirem Liewen, war eleng an der Tierkei, am Maroc oder an den USA ënnerwee. Ma dass si emol géing an Indien auswanderen an da wéilt bis zu hirem Liewensenn do bleiwen hätt si net geduecht.
Indesch Spiritualitéit ass sécherlech net fir jiddereen, ma d'Shyama fillt sech - wéi et schéngt - ganz wuel an hirer neier Heemecht. Weider Informatiounen iwwert d'Amma, "the hugging Saint" an den Ashram wou d'Shyama wunnt fennt een op amma.org. D'Amma ass dann och den Ament op Europa Tournee, falls een eng Ëmaarmung wëll erliewen.
D'Sarah fir säin Deel kann een op sengem helloblog.eu weider verfollegen, den Ament ass et an engem Yoga Camp an Südindien, an duerno steet Malaysien um Programm.