E puer Wochen no Ouverture schonn e Glas gebrach

© AFP
Et ass eng vun de spektakulärste Brécken weltwäit a fir driwwer ze trëppelen, muss ee ganz couragéiert sinn. Ma elo schonn ass e Glas futti.
"Haohan Qiao" sou heescht déi nei Bréck, iwwert déi ganz Couragéierter kënnen iwwert eng 180 Meter déif Schlucht trëppelen. D'Bréck, déi am Shiniuzhai Nationlpark an der chinesescher Provënz Henan steet, ass 300 Meter laang an et muss ee sech schonn uerdentlech iwwerwannen, fir op déi aner Säit ze kommen.

© AFP
Dobäi soll déi nei Stol-Glas-Konstruktioun méi stabil sinn, wéi sou munch hëlzen Hängebréck. D'Glasplacke si 24 Milimeter déck a solle 25 mol méi staark sinn, wéi normaalt Fënsterglas. En Aarbechter huet confirméiert, datt déi stole Rumm all eenzel Scheif zesummenhält, sou datt näischt ka geschéien, och wa mol ee Glas räisst.
Dass dat allerdéngs sou séier kéint geschéien, war wuel kee sech bewosst.
Fir de chineseschen Tourist Lee Dong Hai, dee grad iwwert d'Bréck getrëppelt ass, wéi et ënnert senge Féiss op eemol gekraacht huet, war et de Schock vum Liewen. An engem Interview mat der britescher Zeitung "Telegraph" sot hien: "Mäi Fouss huet gewibbelt a wéi ech erofgekuckt hunn, war do e Rass".
Duerno wier Panik ausgebrach. D'Mënsche ronderëm hätten ugefaang ze jäizen a Jiddereen huet probéiert sou séier wéi méiglech vun der Bréck nees erof ze kommen.
E Porte-Parole huet de Virfall spéider confirméiert. Effektiv hätt en aneren Tourist eng stolen Thermoskan fale gelooss an dobäi wieren d'Rëss entstan. Et wier allerdéngs just déi iewescht vun den 3 Glasschichte futti, sou datt kee wierklech a Gefor gewiescht wier.
D'Bréck soll sou séier wéi méiglech gefléckt ginn.

© AFP