En 62 Joer alen Australier huet ouni Waasser bei grousser Hëtzt 6 Deeg am australeschen Outback iwwerlieft.

D'Rettungsequipe huet de Reg Foggerdy 6 Deeg nodeem hie vermësst gi war ënnert engem Bam erëmfonnt. Den Australier war staark deshydratéiert an hat liicht Halluzinatiounen. Datt de Mann iwwerlieft huet, verdankt hien dem Fait, datt hie schwaarz Seechomesse giess huet, sou de Spriecher vun der Police Andy Greatwood. Déi meescht Mënschen hätten ënner sou extremen Ëmstänn wahrscheinlech net iwwerlieft, sou de Spriecher vun der Police weider.

De Reg Foggerdy war déi lescht Woch an de Goldfields am Bundesstaat Western Australia op d'Juegd gaangen an hat sech ënnerwee verlaf. Seng Famill huet d'Police alarméiert wéi hien net wéi geplangt heem komm ass.